Shōhei Imamura
| Dësen Artikel aus dem Film- an Televisiounsberäich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Shōhei Imamura, (jap. 今村 昌平 Imamura Shōhei), gebuer de 15. September 1926 zu Tokio an do gestuerwen den 30. Mee 2006 war e japanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
Um Filmfestival zu Cannes krut de Shōhei Imamura zweemol déi Gëlle Palm
- 1983 fir Narayama bushiko, (D'Ballad vun Narayama)
- 1997 fir Unagi, (Den Éil)
De Shohei Imamura kënnt an enger gutt situéierter Famill op d'Welt. Hien ass den drëtte Bouf vu véier Kanner. Säi Papp ass Dokter an dat huet de Shohei predestinéiert fir deselwechte Wee anzeschloen. Me et ass éischter den 12 Joer méi ale Brudder, dee sech fir Theater interesséiert an och an enger Trupp spillt, deen Afloss op de Shohei huet.
1945 schreift den Imamura sech op der renomméierter Waseda Universitéit an, a studéiert Literaturwëssenschaften. E Film vum Akira Kurosawa bréngt hien dozou selwer och Regisseur wëllen ze ginn.
1951 kënnt e bei de Filmstudio Shochiku, wou och den Yasujiro Ozu schafft a hie gëtt dem Ozu säin Assistent bei de Filmer Eté précoce (麦秋 Bakushû, 1951), Le goût du riz au thé vert (お茶漬の味, Ochazuke no aji, 1952) a Voyage à Tokyo' (東京物語, Tokyo monogatari, (1953).
Déi enk Zesummenaarbecht féiert dozou, datt den Imamura spéider ëmmer erëm mam Ozu verglach gouf. Den Imamura selwer awer war der Meenung, datt den Ozu nëmme géif dat “offiziellt“ Japan mat sengen Traditioune weisen, während hien um wierkleche Japan interesséiert wier.
1954 verléisst den Imamura d'Shochiku Studioen a geet bei Nikkatsu wou en 1958 säin éischte Film dréie kann Désirs volés. Nikkatsu war iwwer dës méi radikal an exzentresch Produktioun net wierklech erfreet an huet den Imamura gezwonge méi op reng Ënnerhalung ausgeriichte Filmer ze dréien. Et sinn dat Devant la gare de Ginza, Désir inassouvi a Mon deuxième frère.
1961 däerf en nees en eegene Projet realiséieren. Cochons et cuirassés iwwer déi amerikanesch Militärbase zu Yokosuka. Nikkatsu war entsat, an déi nächst zwee Joer krut den Imamura keen Opdrag. 1963 inszenéiert hien La femme insecte an 1964 Désir meurtrier . Mat dësen dräi Filmer kann den Imamura sech als ee vun de wichtigste Personnage vun der japanescher Nouvelle Vague etabléieren.
Fir eege Projeten ouni Contraintë kënnen ze realiséieren, grënnt de japanesche Regisseur 1965 seng Produktiounsfirma Imamura Productions. Éischte Film ass dem Akiyuki Nozaka säi Buch Erogotoshi-Tachi (Les pornographes) aus dem Joer 1963 iwwert d'Liewen zu Osaka.
Komplett Filmographie[änneren]
| Joer | Originaltitel | Franséischen Titel | Lëtzebuergesch |
|---|---|---|---|
| 2003 | 11'09"01 | 11'09"01 | 11'09"01 |
| 2001 | Akai hashi no shita no nurui mizui | De l'eau tiède sous un pont rouge | Wootlecht Waasser ënnert enger rouder Bréck |
| 1998 | Kanzo Sensei | Docteur Akagi | Dokter Liever |
| 1997 | Unagi | L'anguille | Den Éil |
| 1989 | Kuroi Ame | Pluie noire | Schwarze Reen |
| 1987 | Zegen | Le seigneur des bordels | |
| 1983 | Narayama Bushiko | La ballade de Narayama | |
| 1981 | Eijanaika | Eijanaika | Firwaat net? |
| 1979 | Fukushu wa ware ni ari | La vengeance est à moi | |
| 1975 | Zoku Mikikanhei o Otte | À la recherche des soldats perdus III | |
| 1975 | Karayuki San | Karayuki-san - ces dames qui vont au loin | D'Madame Karayuki |
| 1973 | Muhomatsu Koyo ni Kaeru | Muhomatsu revient au pays natal | |
| 1972 | Bubuan no kaizoku | Les pirates de Bubuan | |
| 1971 | Mikikanhei O Otte | En suivant ces soldats qui ne sont pas revenus | |
| 1970 | Nippon sengo shi: Madamu Omburo no seikatsu | Histoire du Japon racontee par une hotesse de bar | |
| 1968 | Kamigami no Fukaki yokubo | Profond Desir des dieux | |
| 1967 | Ningen Johatsu | L'Evaporation de l'homme | |
| 1966 | Jinruigaku Nyumon: Erogotshi yori | Le Pornographe | |
| 1964 | Akai Satsui 赤い殺意 | Désir meurtrier | |
| 1963 | Nippon Konchuki にっぽん昆虫記 | La femme insecte | D'Insektefra |
| 1961 | Buta to Gunkan 豚と軍艦 | Cochons et cuirassés | Schwäin a Krichsschëffer |
| 1959 | Nianchan にあんちゃん | Mon deuxième frère | Mäin zweete Brudder |
| 1958 | Hateshi Naki Yokubo 果てしなき欲望 | Désir inasouvi | |
| 1958 | Nishi Ginza Eki mae 西銀座前駅 | Devant la gare de Ginza | Virun der Gare vu Ginza |
| 1958 | Nusumareta Yokujo 盗まれた欲情 | Désirs volés |
Literatur[änneren]
QUANDT, James: Shohei Imamura, Toronto International Film Festival Group, Toronto, 1997.