Sherlock Holmes
| Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Sherlock Holmes ass eng bekannt Figur aus den Detektiverzielunge vum englesche Schrëftsteller Sir Arthur Conan Doyle.
Zesumme mat sengem Kolleg Dr. Watson kënnt de gescheiten a raffinéierten Holmes all Verbriecher op d'Spur. Seng Haaptatoute si seng erstaunlech developpéiert Fäegkeet vun der Deduktioun, säi Sënn fir schaarf Beobachtungen a säi grousst Allgemengwëssen. Dobäi geet en awer dervun aus, datt een e Gehir grad wéi eng Kommoud och kéint iwwerlaaschten an dofir mécht e säi Geescht fräi vun all fir hien onnëtzem Wëssen (z.B. datt d'Äerd ëm d'Sonn dréint).
Den Doyle huet seng Figur an hiert Ëmfeld esou realistesch beschriwwen, datt no engem BBC-Sondage vun 1959 ganzer 59% vun den Englänner gemengt hunn, den Detektiv aus der 221B Baker Street, mat senger Päif a senger Gei, hätt wierklech gelieft.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Sherlock Holmes Romaner
- A Study in Scarlet, 1887
- The Sign of the Four, 1890
- The Hound of the Baskervilles, 1902
- The Valley of Fear, 1915
[änneren] Sherlock Holmes Kuerzgeschichten
[änneren] Literatur
- Martin Compart (Hrsg.), Das Sherlock-Holmes-Buch ; Frankfurt/M. & Berlin (Ullstein), 1987; 116 S. (ill.; Bibliogr.); ISBN 3-548-36536-1
- Lucien-Jean Bord, Dictionnaire Sherlock Holmes ; Paräis (Le Cherche-Midi), 2008; 312 S.; ISBN 978-2-7491-1221-3
[änneren] Kuckt och
| Commons: Sherlock Holmes – Biller, Videoen oder Audiodateien |