Skorpioun I.

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Skorpioun I. war en alegyptesche Kinnek aus der Virdynastescher Zäit, ëm 3200 v. Chr.

Am Joer 1998 hunn d'Archeologe Werner Kaiser a Günter Dreyer vum DAIK (Deutsches Archäologisches Institut, Kairo) op engem Deel vun der Begriewnisplaz vun Abydos (Umm el-Qaab), deen d'Bezeechnung Kierfecht U dréit, d'Graf vum Kinnek (U-j), wat an d'Naqada-Kultur IIIa2 datéiert gouf an domadder net identesch mat dem Kinnek mam selwechten Numm aus der 0. Dynastie ass, entdeckt.

D'Graf, mat 12 Kummeren, war mat de Moossen 9,10 m x 7,3 m relativ grouss. Dra fonnt gouf dëst: Gefässer fir Beigaben, Elfebeenstief an -tafelen, Kinnekszepter, Wäikréi déi deelweis aus Palestina importéiert gi waren, a Spure vun engem Schräin aus Holz.

D'Kréi ware beschrëft a sinn den eelste Beweis vu phoneteschen Zeechen vun enger egyptescher Schrëft, déi ee liese kann. Domadder war och d'Identifizéierung méiglech, op de Kréi war ze liesen "aus de Planzunge vum Skorpioun".


Virgänger:
Canide
Pharaone vun Egypten
ëm 3200 v. Chr
Nofolger:
Falke I.

[änneren] Um Spaweck

Eye of Ra2.svg Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen