Slipknot

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Slipknot ass eng 9-käppeg amerikanesch Metal-Band.

Iwwer si gëtt vill kontrovers diskutéiert. Dat leit zum Deel un hirer aggressiver Bühneshow (Si trieden mat Masken an Overalls op), zum Deel awer och un hire provokativen Texter.

D'Membere vun der Band: de Corey Taylor um Gesang, de Mick Thomson an den James Root op der Gittar, den Joey Jordison, de Chris Fehn an de Shawn Crahan op der Perkussioun, an de Craig Jones an de Sid Wilson um Sampling/DJ.

Hire Bassist, de Paul Gray, ass am Joer 2010 un enger Iwwerdosis Morphium gestuerwen. Zu dëser traureger Geleeënheet hunn d'Membere vu Slipknot sech fir d'éischt Kéier onmaskéiert an der Ëffentlechkeet gewisen. De Paul Gray gouf duerch den Donnie Steele ersat, deen och scho virun der Grënnung vun der Band vill mat de Memberen gespillt hat. Allerdéngs trëtt hien net mat hinnen op der Bühn op, mä spillt hanner der Batterie, soudatt een en nëmmen héieren, mä net gesi kann. Zanter dem Doud vum Paul Gray maache Slipknot op all Concert kuerz viru Schluss eng Gedenkminutt un hien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Slipknot – Biller, Videoen oder Audiodateien