Speechelen

Vu Wikipedia

Speechelen oder Epheliden (vum algriicheschen ἔφηλις Ephelis) si gielzeg bis brongelzeg kleng oder méi grouss Hautflecken, déi bei Mënsche mat heller Hautfaarf am Fréijoer an am Summer optrieden an am Hierscht an am Wanter nees méi oder manner verschwannen.

Besonnesch Leit mat hellblonden oder roudelzegen Hoer erliewen et, datt de Melanin, d'Pigmentmaterial vun der Haut, sech net gläichméisseg verdeelt, mä als Tëppelen ze gesinn ass.

Deenen, déi der Meenung waren, Speechele wieren eppes Ellenes, konnt vun 1945 u gehollef ginn. Do koum a Schweden e Kannerbuch eraus iwwer e Meedche mat prononcéierte Speechelen: Der Astrid Lindgren hiert Buch iwwer d'Pippilotta Viktualia Rullgardina Krusmynta Efraimsdotter Långstrump, dat zu Lëtzebuerg méi bekannt ass ënner dem däitschen Numm, Pippi Langstrumpf.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Speechelen – Biller, Videoen oder Audiodateien