Strudel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Äppelstrudel aus Bliederdeeg

E Strudel ass eng Bakwuer aus enger gefëllter a gebakener oder gekachter Deegrull. Si kënnt aus dem fréieren Habsburgerräich an ass haut nach feste Bestanddeel vun der Kiche vun de Länner, déi draus ervirgoungen, wéi der éisträichescher, der ongrescher oder der tschechescher. Dat eelst bekannte Rezept gouf 1696 an enger Koch Puech betitelter Handschrëft festgehalen (haut Wiener Stadbibliothéik).

Fir den Deeg gëtt je no Rezept Strudeldeeg, mä och Blieder- oder Hiefdeeg geholl. Strudeldeeg gëtt aus rengem Weessmiel, Waasser an Ueleg gemaach. Dee muss intensiv gekniet a geklappt ginn, an da laang rouen, fir datt en extrem dënn ausgezunn a -gerullt ka ginn. Fir datt e gutt opgeet gëtt Hirschharsalz mat drënner gemëscht.

Et ginn onzieleg Strudelvariatiounen, déi geleefegst ass den Äppelstrudel (mat Äppel, Roséngen an Nëss), mä et ginn der och mat anerem Uebst, z. B. Kiischten, wäissem Kéis ("Topfenstrudel") an esouguer e Blutwurststrudel.

Weblinks [änneren]

Commons: Strudel – Biller, Videoen oder Audiodateien