Teatro Amazonas
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Teatro Amazonas ass en Operenhaus zu Manaus, Brasilien. Den 31. Dezember 1896 ageweit, gouf et aus de Recetten vum Gummisboom finanzéiert. Et ass eent vu de bekanntesten Operenhaiser vu der Welt.
[änneren] Geschicht an Architektur
D'Geschicht vu dësem Operenhaus huet ugefaangen, wéi den A. J. Fernandes Júnior säi Projet 1881 virgestallt huet. Dëst architektonescht Wierk gouf vu 1883 un vum Gabinete Português de Engenharia e Arqitetura de Lisboa realiséiert. Architekten, Baumeeschteren, Moler a Kënstler aus ganz Europa hunn zur Realisatioun bäigedro. De Brasilianer Crispim do Amaral vu Pernambuco, deen zu Paräis gelieft huet, war säin Innenarchitekt an den Italiener Enrico Mazolani war mat der Architektur baussen befaasst. D'Oper gouf den 31. Dezember 1896 ageweit; déi éischt Oper,(„La Gioconda“ vum Amilcare Ponchielli. gouf de 7. Januar 1897 als Premiere opgefouert.
Wéinst der Baisse vu de Coursë vum Gummi huet d'Oper schonn 1907 misse provisoresch zoumaachen. De klimateschen Afloss vun der Amazonengéigend huet doriwwer raus Restauratiounsaarbechten noutwendeg gemaach. No méi wéi aacht Joerzéngte Rou konnt d'Oper schliisslech de 17. März 1990 mam Plácido Domingo an dem Marcia Haydée seng Reouverture feieren.
Croisièren, déi zu Manaus virun Anker ginn, hu gewéinlech e Besuch vu dëser aussergewéinlecher Oper op hirem Programm.