Tetraphobie

Vu Wikipedia
E Lift zu Shanghai – D'Stäck Nummer 4, 13 a 14 feelen
Aussprooch

"véier"

"Doud"
Mandarin
Shanghai-Dialekt sy sy, shi
Kantonesesch sei sei
Hakka si si
Taiwaneesesch sì, sù sí, sú
Japanesch shi shi
Koreanesch sa sa
Vietnameesesch tứ tử

Tetraphobie ass den Numm fir d'Angscht virun der Zuel 4, déi virun allem an asiatesche Länner heefeg ass. Dat kënnt dohier, well d'Wuert Doud an d'Zuel Véier änlech ausgeschwat ginn.

D'Angscht geet sou wäit, datt et virkënnt datt a villen Héichhaiser an Asien d'Stäck mat enger 4 feelen. Zu Hong Kong ginn et zum Beispill Héichhaiser wou d'Stäck vu 40 bis 49 guer net do sinn. D'Nummer vun engem Haus, dat normalerweis op der Nummer 4 an engem Wunnblock sollt stoen, gëtt duerch 3A ersat, 14 duerch 13A, 24 duerch 24A, asw.

Etymologesch ass den Numm op dat griichescht τετράς: Véier an φοβία: Angscht zeréckzeféieren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]