Hong Kong
| Dëse Geographiesartikel iwwer China ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Hong Kong (chin. 香港 Xiānggǎng; op Lëtzebuergesch: een Hafen dee gutt richt; Kantonesesch: Heunggong) ass den Numm vun enger Verwaltungszon mat Sonnerstatut vun der Volleksrepublik China.
Et läit un hirer Südküst. Finanz-, Geschäfts- a Kulturzenter ass Victoria City. Déi gréisst Stad um ganze Gebitt ass Kowloon. Den Territoire besteet aus enger Hallefinsel, an méi wéi 200 Inselen rondrëm. Fréier war dësen Territoire eng Kolonie vun der britescher Kroun (däitsch:Kronkolonie). Hien ass den 1. Juli 1997 vertragsgeméiss hannescht u China gefall, a steet haut ënnert enger besonnescher chinesescher Verwaltung.
No där vum Deng Xiaoping entwéckelter Doktrin Ee Land, zwee Systemen bleift dat demokratëscht maarktwirtschaftlecht System vun Hong Kong op d'mannst 50 Joer niewent dem kommunistëschen System vun der Volleksrepublik China bestoen, sou datt d'Roll vun Hong Kong als groussen asiatesche Finanzzenter geséchert bleift. Dës Autonomie erlaabt Hong Kong zwar, seng eege Gesetzer, wéi en eegenen Zoll-Tariff]] a seng eege Währung ze hunn, wat iewer net verhënnert, datt d'Regierung vu Peking heefeg an d'Innepolitik agräift. Sou gëtt z. B. den ieweschte Verwaltungschef vun engem Walgremium gewielt, deem seng Zesummesetzung vun der Volleksrepublik China bestëmmt gëtt.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Hong Kong – Biller, Videoen oder Audiodateien |