Thomas Hobson

Vu Wikipedia
Den Thomas Hobson

Den Thomas Hobson, gebuer 1544 a gestuerwen den 1. Januar 1631, heiansdo "de Courrier vu Cambridge" genannt, ass virun allem duerch den Ausdrock "Hobson's choice" bekannt.

Als Courrier vu Cambridge war en zoustänneg fir d'Post tëscht London a Cambridge an hien hat e Päerdsstall baussent den Diere vum St Catharine's College. Wa seng Päerd net fir d'Post gebraucht goufen, goufe s'un d'Studenten a Professere vun der Universitéit verlount.

Den Hobson hat séier festgestallt datt seng bescht a séierst Päerd am beléiftste waren, an dofir dacks iwwerstrapazéiert goufen. Fir eng weider Iwwermiddung vu senge beschte Päerd ze vermeiden huet den Hobson e strikte Rotatiounssystem agefouert, deen et de Clienten nëmmen erlaabt huet, der Reiefolleg no, dat nächst Päerd ze huelen. Déi Politik vun "dëst oder keent" gouf als "Hobson's choice" bekannt, wann eng scheinbar Wal de facto keng Wal ass.

Den Dichter John Milton huet déi Béid, de Mann an den Ausdrock, populariséiert.

Den Hobson ass och bekannt wéinst senger Bedeelegung um Bau vum Hobson's Conduit, e 1614 ugeluechte kënschtleche Waasserlaf, dee Cambridge mat propperem Drénkwaasser versuergt. Den Hobson war ee vun de wichtegste Leit beim Bau vum neie Waasserlaf. Den Hobson's Conduit ass alternativ och als Hobson's Brook bekannt.