Travian
Travian ass e Browserspill dat sech an der Antikitéit ofspillt. Mëttlerweil spille 450.000 Spiller Travian a 6 Sproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch, Italienesch, Spuenesch an Hollännesch). Am Schnëtt spillt een mat 20.000 Léit an enger virtueller Welt zesummen.
Inhaltsverzeechnes |
Spillprinziper [änneren]
De Spiller kann sech tëscht engem vun 3 Vëlker entscheeden: Réimer, Germanen oder Gallier. Duerno huet hien d'Méiglechkeet fir sech eng vun den Himmelsrichtungen Nord-Westen, Nord-Osten, Süd-Westen a Süd-Osten erauszesichen.
Spillméiglechkeeten [änneren]
Et kann ee mat anere Spiller handelen, Bündnisser an Net-Ugrëffspakter mat deenen anere maachen, sech an Allianzen zesummeschléissen a Krich géint aner Spiller an Allianze féieren.
Zil [änneren]
Et geet dorëm, säin Duerf zu enger Stad ze vergréisseren an esou vill Dierfer wéi méiglech ze grënnen. Op verschiddene Serveren ass et allerdéngs d'Zil, ee Weltwonner um Niveau 100 ze bauen.
Gebaier [änneren]
|
|
Truppen [änneren]
|
|
|
Um Spaweck [änneren]
Offiziell Websäiten:
- Travian.org (Däitsch)
- Travian.de (Däitsch)
- Travian.at (Däitsch)
- Travian.fr (Franséisch)
- Travian.com (Englesch)
- Travian.net (Spuenesch)
- Travian.it (Italienesch)
- Travian.nl (Hollänesch)
| Commons: Travian – Biller, Videoen oder Audiodateien |