Turban

Vu Wikipedia
E Mann mat engem Turban am indesche Panaji (2008)

En Turban (aus dem Italieeneschen turbante, iwwer Tierkesch tülbent vum Persesche dulband (vgl. och Tulp) ass eng Kappbedeckung déi aus dem Orient kënnt (warscheinlech ursprénglech aus Persien), an déi aus engem oder méi laange Sträifen aus Stoft besteet, déi ronderëm de Kapp oder enger Kap, déi drënner gedroe gëtt, gewéckelt gëtt. Turbane ginn haaptsächlech a mosleemesche Länner an an Deele vun Indien gedroen. Et gëtt eng sëllege lokal Varianten.

Verschidden Turbanen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Sikh-Relioun verlaangt vun de Männer, ëmmer en Dastar ze droen.
  • Persesch a arabesch Geléiert droen dacks schwaarz (d'Sayyiden) oder gréng (d'Scherifen) Turbanen.
  • Am Rajasthan gëtt et praktesch all 15 km en aneren Turban-Stil. Do si se éischter ronn.
  • D'Kufiya, déi als 'Palestinenserduch' bekannt ass gëtt dacks wéi en Turban gewéckelt gedroen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Turbans – Biller, Videoen oder Audiodateien