USA for Africa

Vu Wikipedia

USA for Africa war 1985 ee Museksprojet mat deem Sue fir d'Welthongerhëllef an Afrika gesammelt goufen.

"USA" heescht an dësem Kontext net "United States of America" mä "United Support of Artists" (Gemeinsam Ënnerstëtzung vun Artisten).

Am Ufank huet den Harry Belafonte d'Iddi gehat, mat engem Museksstéck, dat vu schwaarze Kënschtler opgeholl gi wier, Sue fir Afrika ze sammelen. De Produzent Ken Kragen huet hien iwwerried, et mat enger amerikanescher Versioun vun „Band Aid“ ze probéieren. Hien huet och de Lionel Richie vun der Iddi begeeschtert, deem seng Fra och dem Stevie Wonder senger Fra dovu gezielt huet. Schlussendlech huet de Quincy Jones dat vum Michael Jackson a vum Lionel Richie geschriwwent Lidd “We are the world” produzéiert.

D'Lidd gouf den 28. Januar 1985 opgeholl, um Virowend vun den American Music Awards. Dofir war eng Instrumentalspur un intresséiert Sänger a Sängerinnen geschéckt ginn, zesumme mat enger Invitatioun, sech deen Owend am Studio ze treffen.

Succès[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt 800.000 Singles koumen de 7. Mäerz 1985 op de Maart, a ware bannent enger Woch ausverkaf. An dräi Woche war den Hit op Nummer 1 an den Charts. 1985 huet “We are the World” de Grammy fir de “Song vum Joer” a “Plack vum Joer” gewonnen.

Insgesamt goufe méi wéi siwe Millioune Singles verkaf a knapps fënnef Milliounen Albumen. Dobäi koumen nach de Gewënn aus dem Verkaf vun T-Shirten, Sweatshirten, Videoen a Pousteren. Am Ganze koumen sou méi wéi 690 Milliounen US-Dollar fir USA for Africa zusummen.

Sänger[änneren | Quelltext änneren]

Dem Alphabet no

chronologesch no hirem Optrëtt am Lidd

  • Lionel Richie (There Comes…)
  • Lionel Richie & Stevie Wonder (when the world...)
  • Stevie Wonder (there are people dying...)
  • Paul Simon (oh, and it's time to lend a hand)
  • Paul Simon & Kenny Rogers (the greatest gift of all)
  • Kenny Rogers (we can't go on…)
  • James Ingram (that someone somewhere…)
  • Tina Turner (we are all a part of…)
  • Billy Joel (and the truth…)
  • Billy Joel & Tina Turner (love is all we need)
  • Michael Jackson (We are the world…)
  • Diana Ross (there's a choice…)
  • Michael Jackson & Diana Ross (It's true we'll make a better day…)
  • Dionne Warwick (Well, send them your heart…)
  • Dionne Warwick & Willie Nelson (lives will be stronger and free…)
  • Willie Nelson (As god has shown us…)
  • Al Jarreau (And so we all must lend a helping hand)
  • Bruce Springsteen (We are the world…)
  • Kenny Logins (We are the ones to make…)
  • Steve Perry (there's a choice we're making…)
  • Daryl Hall (Hall & Oates) (it's true we'll make a better day, just you and me)
  • Michael Jackson (when you're down and out…)
  • Huey Lewis (but if you just believe…)
  • Cyndi Lauper (well, let's realise that a change...)
  • Kim Carnes (When we)
  • Kim Carnes & Huey Lewis (stand together as one)
  • (1 1/2 Refrains ALL)
  • Bob Dylan (there's a choice we're making)
  • (1 Refrain ALL)
  • Ray Charles (there's a choice we're making)
  • Stevie Wonder & Bruce Springsteen (we are the world…)
  • Stevie Wonder (there's a choice we're making)
  • Refrains (Stevie Wonder & Bruce Springsteen)
  • Bruce Springsteen (there's a choice we're making)
  • (1 Refrain ALL)
  • James Ingram (we are the world)
  • Ray Charles (there's a choice we're making)

Museker[änneren | Quelltext änneren]