Harry Belafonte

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Harry Belafonte (2011).

Den Harry Belafonte, gebuer den 1. Mäerz 1927 zu Harlem[1], New York City, ass en US-amerikanesche Sänger, Schauspiller an Entertainer. Hien ass ausserdeem fir säi politescht a sozialt Engagement bekannt.

1956 hat hien e grousse Succès mam Lidd Banana Boat Song (Day-O), an huet domat de Calypso-Stil vun de karibeschen Insele bekannt gemaach. Aner bekannt Lidder vun him si Matilda, Angelina, Island in the Sun oder Jamaica Farewell. Méi spéit huet hien éischter am Gospel oder Popstil gesongen. 1985 huet hiem mam Lionel Richie, Michael Jackson a Quincy Jones de Benefiz-Projet „USA for Africa“ op d'Bee gestallt an d'Lidd „We Are The World“ mat ogeholl.

2002 huet hien „The Long Road to Freedom“ publizéiert, eng Antologie op 5 CDe vun der Musek vun de Schwaarzen an den USA, vu westafrikaneschen Aschanti-Lidder aus dem 17. Joerhonnert iwwer Spirituals, kreolesch Chéier, Blues a Gospel bis zu de Balladen aus de grousse Stied ëm d'Joer 1900.

Hien huet am Ganzen eng geschaten 150 Millioune Placke verkaf.

Als Schauspiller huet de Belafonte an enger ganzer Rëtsch Kinofilmer matgespillt, ë. a. am Otto Preminger sengem Carmen Jones (1955, eng Adaptaioun vum Georges Bizet senger Oper Carmen), Island in the Sun (1957), Uptown Saturday Night (1974) oder dem Robert Altman sengem Kansas City (1996).

Hien hat an der Zäit eng eegen Televisiounsemissioun, Tonight with Belafonte, fir déi en 1962 - als éischte Schwaarzen - den Emmy krut.

Den Harry Belafonte (an der Mëtt) 1963 beim Marsch op Washington fir Aarbecht a Fräiheet mam Sidney Poitier (l.) anCharlton Heston (r.)

Den Harry Belafonte engagéiert sech fir politesch a sozial Ziler: an den 1960er Jore fir d'Biergerrechter vun de Schwaarzen an den USA, géint de Vietnamkrich, d'Apartheids-Regime a Südafrika, an d'Militärdiktatur a Griicheland; a fir d'Friddens- an d'Anti-Atomkraaft-Bewegung an den 1970er/1980er Joren. An den 2000er Joren huet hie virun allem d'US-Aussepolitik ënner dem George W. Bush kritiséiert. Hien ass UNICEF-Sonner-Ambassadeur.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Harry Belafonte, Michael Shnayerson: My Song: A Memoir. Knopf, New York 2011, ISBN 978-0-307-27226-3.
    • däitsch Iwwersetzung vum Kristian Lutze: My Song: Die Autobiographie. Kiepenheuer & Witsch, Köln 2012, ISBN 978-3-462-04408-9.
  • Harry Belafonte: Was mich bewegt; Gespräche mit Günter Amendt. Konkret Literatur, Hamburg 1982 u. ö., ISBN 3-922144-17-9.
  • Günter Koch: Ein Junge aus Harlem, Harry Belafonte. Brandenburgisches Verlagshaus, Berlin 1990, ISBN 3-327-00849-3.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Harry Belafonte – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Harry Belafonte, mit Michael Shnayerson: My Song. Die Autobiographie Kiepenheuer & Witsch, 2012, Seite 25 ff.