Georges Bizet

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Georges Bizet

Georges Bizet (* 25. Oktober 1838 zu Paräis als Alexandre-César-Léopold; † 3. Juni 1875 zu Bougival bei Paräis) war e franséischen Komponist aus der Zäit vu der Romantik.

Inhaltsverzeechnes

Säi Liewen [änneren]

De Georges Bizet war e musikalescht Wonnerkand, dat scho mat 10 Joer de Paräisser Conservatoire besicht huet. Hien huet vun 1848 u Piano beim Antoine François Marmontel, Uergel beim François Benoist a Kompositioun beim Jacques Fromental Halévy studéiert. 1851 war hien Zweeten an, 1857 Éischten vum Prix de Rome. Mat dësem Stipendium ass hien an Italien gaang, ass awer e puer Joer méi spéit op Paräis zréckkomm, wou hie säi ganzt Liewe bliwwen ass a Musek komponéiert huet. 1869 huet hie sech mam Geneviève Halévy bestuet. No engem gutt opgefëllte Liewen ass hie mat 36 Joer un de Folge vun enger Sepsis zu Bougival gestuerwen.

Säi bekanntest Wierk ass d'Oper Carmen. De Bizet huet säin Erfolleg iewer net méi erlieft.

Wierker (Auswiel) [änneren]

  • Bühnewierker
    • Le docteur Miracle, Operette a 1 Akt (1856), Uropféirung: Paräis 9. Abrëll 1857
    • Don Procopio, Opera buffa a 2 Akten (1858/59), Uropféirung op franséisch zu Monte Carlo 10. Mäerz 1906
    • Ivan IV, Oper a 5 Akten (1862/63, rev. 1864/65),
    • Les pêcheurs de perles, Oper a 3 Akten (1863), Uropféirung: Paräis 30. September 1863
    • La Jolie Fille de Perth, Oper a 4 Akten (1866/67), Uropféirung: Paräis 28. Dezember 1867
    • Djamileh, Opéra comique an 1 Akt (1871), Uropféirung: Paräis 22. Mee 1872
    • Carmen, Opéra comique a 4 Akten (1873/74), Uropféirung: Paräis 3. Mäerz 1875
  • Orchesterwierker
    • Symphonie C-Dur (1855), Uropféirung: Basel 26. Oktober 1935
    • Roma, Symphonie C-Dur (1860-68), Uropféirung: Paräis 28. Februar 1869
    • Ouvertüre a-Moll (ca. 1855), Uropféirung: Paräis 26. Oktober 1938
    • Marche funèbre (1868/69)
    • L'Arlésienne, Bühnenmusek zum Alphonse Daudet sengem Bühnenstéck an 3 Akten (1872),
    • L'Arlésienne, Suite a 4 Sätz (1872), Uropféirung: Paräis 10. November 1872
    • Patrie! .... Ouvertüre (1873), Uropféirung: Paräis 15. Februar 1874
    • Duo fir Violoncello a Fagott c-Moll (1874)
  • Pianowierker
    • Deux caprices (1851)
    • Grande valse de concert Es-Dur (1854)
    • Chasse fantastique (1865)
    • 6 Chants du Rhin (1865)
      • 1. Muergenstëmmung
      • 2. Frouh Fahrt
      • 3. Dreemerei
      • 4. D' Zigeunerin
      • 5. Noklang
      • 6. Heemrees
    • Variations chromatiques c-Moll op. 3 (1868)
    • Nocturne F-Dur (1857)
    • Nocturne D-Dur (1868)
    • 3 Esquisses musicales (1868)
    • Jeux d'enfants (Kannerspiller), 12 Stécker fir 4 Hänn op. 22 (1872)
  • Aner Vokalwierker
    • Te Deum, eenzegt geestlecht Wierk (1858),
    • Kantaten
    • Chéier
    • Lidder

Literatur [änneren]

  • Winton Dean: Georges Bizet. Leben und Werk. übs. Konrad Küster. Deutsche Verlags-Anstalt Stuttgart 1988, ISBN 3-421-06385-0
  • Edgar Istel: Bizet und Carmen. Stuttgart 1927
  • Rémy Stricker: Georges Bizet. Gallimard 1999 ISBN 2-07-074803-0
  • Christoph Schwandt: Georges Bizet. Mit Selbstzeugnissen und Bilddokumenten. Rowohlts Monographien. Rowohlt, Reinbek 1991, ISBN 3-499-50375-1

Um Spaweck [änneren]

Commons: Georges Bizet – Biller, Videoen oder Audiodateien