Ukulele
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Ukulele | |
|---|---|
| Syn.: Cavaquinho, Machete | |
| Klassifikatioun | Chordophon Zupfinstrument |
| Klangbeispill | |
| Ähnlech Instrumenter | Balalaika, Banjo |
Eng Ukulele, och emol Ukelele, ass en hawaiiescht Säiteninstrument, dat ausgesäit wéi eng Kannergittar.
Den Numm [änneren]
Den Numm Ukulele bedeit am Hawaiianeschen "eng Flou, dee spréngt". Dat bezitt sech op d'Fangeren, déi um Grëffbriet hin an hier sprangen.
D'Originnen [änneren]
D' Ukulele staamt vun der portugisescher Machete respektiv dem Cavaquinho of, enger Laute mat véier Säiten, déi aus Madeira staamt, déi och a Brasilien wäit verbreet ass. Um Enn vum 19. Joerhonnert gouf d'Machada duerch Schëffer op de polyneseschen Insele bekannt.
Do gouf se ëmgedeeft a krut den Numm Ukulele.
D'Ukulele ass dat populärst Volleksinstrument a ganz Polynesien, a gouf méi spéit och vun der Popmusek iwwerholl.
Am Billy Wilder sengem Film Some Like It Hot spillt d' Marilyn Monroe an der Roll vun der Sugar op enger Ukulele.
E puer vun de beléiftensten däitsche Tëlee-Entertainer, de Götz Alsmann an de Stefan Raab benotzen d'Ukulele.
Illustratiounen [änneren]
| Commons: Ukulele – Biller, Videoen oder Audiodateien |