Universal-Deklaratioun vun de Mënscherechter

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Eleanor Roosevelt & Universal-Deklaratioun vun de Mënscherechter (1949)

D' Allgemeng (oder Universal) Deklaratioun vun de Mënscherechter ass eng Deklaratioun vun der UNO, déi den 10. Dezember 1948 zu Paräis duerch d'Resolutioun 217 A (III) geholl gouf. An hir ginn déi fundamental Mënscherechter duergeluecht. Haaptauteure waren de John Peters Humphrey, d'Eleanor Roosevelt an de René Cassin.

48 vun de 56 Staaten, déi deemools bei der UNO derbäiwaren, hunn déi Deklaratioun ugeholl, 8 hu sech der enthalen (dorënner d'Ostblockstaaten, Südafrika, dat wéinst senger praktizéierter Apartheid d'Gläichheet vun alle Mënschen net acceptéiere kunnt, a Saudi Arabien deem d'Gläichheet tësche Mann a Fra net gepasst huet).

Den Text orientéiert sech un der Deklaratioun vun de Mënschen- a Biergerrechter vu 1789 a besteet aus 30 Artikelen. Doranner ginn déi fundamental Rechter vun all Mënsch opgezielt, a wéi se virum Recht unzeerkennen an ze respektéiere sinn. Deene viraus geet eng Preambel, an deeër an aacht Punkten d'Noutwendegkeet vum onverännerleche Respekt vun de Mënscherechter duerch all Länner, Natiounen a politesch Regimer festgehalen ass.

D'Allgemeng Deklaratioun vun de Mënscherechter gouf vun der Generalversammlung vun der UNO gestëmmt, mee si ka just als eng Proklamatioun ugesi ginn, a si huet kee rechtlechen Afloss. Dofir hätt missen eng Mënscherechtscharta opgesat a gestëmmt ginn. Et gouf deemno eng Commissioun opgesat, déi no laange Verhandlungen, am Kontext vum Kale Krich, 2 Zousaztexter ausgeschafft huet: Den Internationale Pakt iwwer d'wirtschaftlech, sozial a kulturell Rechter an den Internationale Pakt iwwer zivil a politesch Rechter.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools