Vältesdag

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Välteschdag)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Wikipedia-Logo fir Vältesdag

De Vältesdag, deen de 14. Februar a ville Länner gefeiert gëtt, ass den Dag vun de Verléiften. D'Koppele profitéiere fir sech duuss Wierder ze schécken a sech Cadeauen ze maachen als Beweis vun hirer Léift, grad wéi rout Rousen als Zeeche vun der Leidenschaft.

De Brauch vun dësem Dag geet op een oder méi chrëschtlech Märtyrer mam Numm Valentinus zréck. Am wahrscheinlechste bezitt e sech op de Valentin vun Terni, deem am 3. Joerhonnert n. Chr. Bëschof an der italienescher Stad Terni war (deemools Interamna). Enger Iwwerliwwerung no huet en e puer Brautkoppele bestuet, dorënner och Zaldoten, déi awer op Uerder vum Keeser Jonggesell hätte misse bleiwen. Dobäi soll en deene bestuetene Koppelen och Blummen aus sengem Gaart geschenkt hunn. De Keeser Claudius II. huet e schlussendlech de 14. Februar 269 wéinst sengem chrëschtleche Glawe käppe gelooss.

De Gedenkdag gouf vum Poopst Gelasius I. 469 fir déi ganz Kierch agefouert, eventuell och fir dat réimescht Fruchtbarkeetsfest vun de Lupercalia ze verdrängen, dat vum 13. bis zum 15. Februar gefeiert gouf. 1969 gouf Vältesdag awer nees aus dem réimesche Generalkalenner gestrach.

Zanter dem 15. Joerhonnert hu sech an England Välteskoppele forméiert, déi sech kleng Cadeauen oder Gedichter geschéckt hunn, an déi entweder um Virowend duerch auslousen oder duerch den éischte Kontakt um Dag selwer zesummekoumen. Englesch Auswanderer hunn dee Brauch an d'USA matgeholl, vu wou en nom Zweete Weltkrich nees zréck an Europa koum. Richteg bekannt a Kontinentaleuropa gouf en awer virun allem eréischt wéi d'Floristen an d'Zockerbäcker den Dag duerch massiv Reklamm forcéiert hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vältesdag – Biller, Videoen oder Audiodateien