Vëlodrom Buffalo

Vu Wikipedia

De Vëlodrom Buffalo war e Stadion zu Paräis net wäit ewech vun der Porte Maillot, Neuilly-sur-Seine. De Vëlodrom gouf 1893 opgemaach an den Tristan Bernard war vun 1895 un Direkter.

Am Vëlodrom Buffalo goufen en ettlech Weltrekorder gefuer. Den Henri Desgranges huet do den 11. Mee 1893 den éischte Stonneweltrekord opgestallt mat enger Moyenne vu 35,325 km. Dat selwecht Joer fiert de Cassignard e Rekord an der Disziplin 1 Km Depart arrêté mat enger Zäit vun 1'28".

Am Joer 1928 gouf de Vëlodrom frëschgemaach a vergréissert fir datt 8000 Läit dra ginn, an d'Piste gouf vun 333,33 m op 300m zeréckgebaut. Am Éischte Weltkrich gouf de Vëlodrom vum Staat gezoppt fir eng Fligerfabréck drop ze bauen.