vk.com

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) VKontakte)
00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


Den offizielle VKontakte Logo
De Pawel Durow (2010)

vk.com, d'VK, bis 2012 VKontakte (ВКонтакте - A Verbindung/Kontakt), ass en online Kontaktnetzwierk, dat besonnesch a Russland, bei der russeschsproocheger Diaspora an a verschiddene fréiere Sowjetrepublike populär ass. D'VK gläicht an Design a Funktionalitéit dem US-Rival Facebook[1], mä offréiert méi intuitiv Navigatiounsmenüer, an d'Integratioun vun der Torrent Filesharing Technologie erlaabt d'Eropluede vu méi grousse Fichieren.

D'Netzwierk gouf offiziell am Oktober 2006 vun de Bridder Pawel an Nikolai Durow lancéiert a louch 2010 mat iwwer 100 Millioune registréierte Benotzer[2] op der fënnefter Plaz vun de meeschtbesichten Internetsäiten a Russland[3].

Am Januar 2009 huet de Site fir d'éischt Kéier méi Visiteure verzeechent wéi säin Haaptkonkurrent a Russland, Odnoklassniki. Anescht wéi déi leschtgenannte Säit riicht VK sech un e liicht méi jugendlecht Publikum, huet en Interface deen a 67 Sproochen iwwersat ass, a bitt d'Méiglechkeet nieft Audio– och Videodateien eropzelueden.

D'LLC V Kontakte gouf den 19. Januar 2007 gegrënnt mat als Associéen dem Wjatscheslaw Mirilaschwili (60 %), dem Pawel Durow (20 %), dem Michail Mirilaschwili (10 %) an dem Lew Lewijew (10 %)[4]. An der Tëschenzäit gëtt d'Gesellschaft zu 100 % vun der BVI-Offshore-Firma Doraview Limited gehalen, där hir Aktionärslëscht net ëffentlech ass, mä vun där duerch eng Ausso vun der Mail.Ru Group, déi och un Odnoklassniki bedeelegt ass, gewosst ass datt si 39,9 % vun den Aktië besëtzt[5],[6], a JP Morgan mengt ze wëssen, datt 12% beim Pawel Durow, 8% beim Lew Lewijew a 40% bei der Famill Mirilaschwili verbliwwe wieren[7]. Am Abrëll 2013 huet United Capital Partners 48% vun de VK-Aktie vum Lew Lewijew an der Famill Mirilaschwili fir zesummen 1,12 Milliarden US-Dollar kaaft[8]. 2014 huet de Grënner Pawel Durow seng 12% un den Iwan Tawrin verkaaft, Generaldirekter vum russesche Mobilfunkprovider MegaFon, soudatt elo 52% an den Hänn vun Alischer Usmanow a Konsorten vu mail.ru an 48% beim Ilja Schtscherbowitsch vu UCP sinn[9].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vk.com – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Copycats: Top 10 International Facebook Klonen
  2. Startsäit vum Netzwierk
  3. Alexa Internet Gearchiveerd op 2017-11-16. Gekuckt de(n) 2011-06-30.
  4. Wien ass VKontakte, Vedomosti 29. Februar 2008
  5. Pressematdeelung vun der Mail.ru Group, 16. November 2010
  6. mail.ru stockt Undeel u russeschem Online-Netzwierk vKontakte.ru op, RIA Novosti 17. November 2010]
  7. Aktionariatsstruktur vu Vkontakte.ru opgedeckt, East-West Digital News, 6. August 2011
  8. UCP mécht den Deal perfekt fir 48% vu Vkontakte vu Mirilaschwili a Lewijew ze kafen, Interfax, 17. Abrëll 2013 Gearchiveerd op 2019-06-23. Gekuckt de(n) 2014-04-22.
  9. Grënner vum "russesche Facebook" verkeeft 12% Aktiëpak, RT, 12. Januar 2014