Vakuummatratz
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Vakuummatratzen fannen sech virun allem an Ambulanzen rëm.
Heibäi handelt et sech em eng Matt, déi mat klenge Kugele gefëllt ass. Un der Säit befënnt sech e Ventil, un dat ee kann eng Pompel uschléissen, déi d'Loft aus dëser Matt eraussuckelt. Doduerch kommen d'Kugelen an der Matratz méi enk obeneen, d'Matratz gëtt steif. Dat ass besonnesch nëtzlech bei Persoune mat Knachebréch oder Verletzungen un der Wierbelsail well si doduerch kënnen immobiliséiert ginn an d'Gefor vu weidere Verletzungen beim Transport verhënnert gëtt.
Inhaltsverzeechnes |
Vakuumschinnen[änneren]
Vakuumschinne sinn Apparater, déi aus enger duebeler Vakuumwand bestinn déi wéi eng Vakuummatratz mat Kugele gefëllt ass. An eng Vakuumschinn leet ee gebrache Kierperdeeler dran, fir se ze fixéiren.