Ambulanz
Generell gesinn ass eng Ambulanz en Auto dee fir den Transport a fir d'Rettung vu Kranken an/oder Blesséierte bestëmmt ass.
Zu deem Zweck ass eng Ambulanz mat dem néidegen technesche Material ageriicht, enger sougenannter Sondersignalanlag mat bloe Luuchten um Daach, Frontblëtzer souwéi enger Sireen, déi dozou déngt, aner Leit op der Strooss drop hinzeweisen, datt eng Ambulanz déi blo fiert (also mat ugeschallte Luuchten a Sirenen) ëmmer an iwwerall theoretesch d'Virfaart huet.
Ambulanze fënnt een an dräi Gréissten, entweder a meeschtens op Basis vun engem Transporter (wéi Mercedes Sprinter, VW T4), op Basis vun engem klenge Camion oder op Basis vun engem Persounewon. Ambulanze kënnen vu privaten a staatlechen Organisatioune betreit ginn, doriwwer decidéiert de Staat.
Inhaltsverzeechnes |
Ambulanzen zu Lëtzebuerg [änneren]
De Gros vun den Ambulanzen, 51 Stéck (Stand Juli 2004), gehéieren der Protection Civile, an déi am ganze Land Primärasätz fueren, ausser an der Stad Lëtzebuerg wou d'Beruffspompjeeën dëse Service mat 11 Ambulanzen (7 normaler, 3 medicaliséierter (NAW) an enger Infektiounsambulanz) assuréieren.
Privatambulanze fueren hei nëmme Sekundärasätz wéi Transporter oder Faarte vun engem Spidol an dat anert.
Equipement [änneren]
Am heefegste begéint een hei Mercedes Sprinteren, déi vun den Firmaen BINZ oder WAS ëmgebaut goufen. Si hunn an der Regel bei sech:
- Eng Drobier mat enger Vakuummatratz drop
- En Droduch
- E Rollboard (net an all Ambulanz)
- E KED fir Persounen aus Autoen ze retten
- Vakuumschinne fir Bréch an ähnleches (cf. Vakuummatratz)
- E Klapp-Rollstull
- Eng Schautebier fir Rettung an Transport
- Medezinesche Sauerstoff
- Eng Ofsaugpompel
- E Pulsoximeter, fir de Sauerstoffwäert an de Bols ze moossen
- Verbandsmaterial
- Material fir de SAMU (Zougäng, Perfusiounen, Perfusiounsbestecker)
- Beotmungsmaterial
- Spezialwallisse fir Verbrennungsfäll a pediatresch Noutfäll
- entweder eng Beotmungswallis an eng Verbandswallis oder e Rettungsrucksaak mat Verbandsmaterial, Beotmungsmaterial, Material fir de SAMU, Medezinesche Sauerstoff an nach aner kleng Sachen, wéi Äisbeidelen, Blutdrockmanschette ...
Verschidden Ambulanzen, an haaptsächlech medicaliséiert Ambulanzen, hunn zousätzlech nach en EKG (Elektrokardiogramm), der Mark no dacks einfach Propaq genannt. Zënter 2004 och méi dacks einfach "Zoll" (wéinst där neier Mark op de SAMU'en). Dann och nach Medikamenter an en Apparat fir eng Defibrillatioun, den Defibrillator oder Back-To-Life-Machine oder einfach Defi genannt.
Déi zwou Infektiounsambulanze si bannen aus Inox-Stol an erliichteren esou d'Desinfizéieren. D'Chaufferskabin as komplett vum Patienteraum ofgetrennt, an ass och Loftdicht. Fir allerdéngs mat esou enger Ambulanz fueren ze kënnen, muss en de Führerschein mat der Kategorie C hun. De Moment steet eng Infektiounsambulanz zu Diddeleng an eng an der Stad.
Dat hei ass den neie Modell vun den Ambulanze vun der Protex. Si baséiert um MB Sprinter 2007 an ass déi aktuellste Versioun aus der Mercedez-Benz Sprinter-Rei!
Besatzung [änneren]
D'Besatzung vun enger Ambulanz besteet aus zwee oder dräi Leit Personal plus Patient plus eventuell eng Begleetpersoun, dat heescht maximal fënnef Persounen. D'Personal ass normalerweis (wat awer kann änneren) dräi Ambulancieren oder zwéin Ambulancieren an een Ambulancier-Stagiare. Et ass och méiglech dat zwéin Ambulancieren fueren, dat kënnt awer méi seele vir.
Bei akute Noutfäll, wa medezinesch Hëllef gebraucht gëtt, kann d'Equipe vun der Ambulanz de SAMU ufuederen dee mat sengen NEF'en zu Hëllef kënnt. Dee Moment besteet d'Equipe vun enger Ambulanz dann heefeg aus engem Dokter an engem Infirmier beim Patient an engem Chauffeur, während déi zwéin ausgewiesselt Ambulancieren am NEF an d'Spidol nokommen.
Ambulanzen am Laf vun der Zäit [änneren]
Huet ee fréier bal iwwerall Ambulanzen an der Gréisst vun de Stater gesinn, gesäit een haut meeschtens just nach där op Basis vu Camionetten oder sougenannte Kofferambulanzen wei d'Stater an d'Diddelenger Infektiounsambulanz. Dës si méi kammoud. A Lëtzebuerg gett momentan probéiert all Ambulanz mat Datcom auszerëschten, e System deen et méiglech mécht d'Asaatzadress direkt op e Bildschierm an der Chaufferskabin ze schécken, an der Leitstell vum 112 ëmmer Réckmeldung iwwer de Status an d'Positioun vum Gefier ze ginn, ouni datt een agräife muss. Dëst mécht et esouguer méiglech mat Hëllef vun den Asaz-Donnéeën a vum GPS-Signal, d'Ufaart automatesch ze navigéieren.
Et gëtt och zënter laangem driwwer nogeduecht, Ambulanze mat automateschen Defi'en auszerëschten. Dat gëtt an der Stad als Pilotprojet probéiert, mä ass nach keen Standard. D'Protection Civile wëll déi Apparaten, eng Decisioun läit zur Zäit nach an der Chamber.
| Commons: Ambulances – Biller, Videoen oder Audiodateien |