Verrouillage central

Vu Wikipedia
Verrouillage central
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2001
Dauer 11 min.
Format 35 mm - 1.85
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Geneviève Mersch
Dréibuch Geneviève Mersch, Anne Fournier
Fotografie Virginie Saint Martin
Musek Olivier Thomas
Schnëtt Pia Dumont
Produzent Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Films
Schauspiller
Aylin Yay: Cathy
Gaëtan Wenders: Dramprënz
Serge Larivière: Prënz Roger Neckelbrouck
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Verrouillage central ass e Kuerzfilm vun der Geneviève Mersch aus dem Joer 2001.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

D'Cathy ass Singel a Romantikerin. All seng Aarbechtskolleeginnen a Frëndinnen aus dem Coiffeurssalon si bestuet, an säi Gebuertsdag fält och nach grad op Vältesdag. Wéi hat eng magesch Formel entdeckt, fir säin Dramprënz ze fannen, zéckt hat net fir se ze gebrauchen, mee well deen éischten näischt ass, probéiert hat direkt nach e puermol.[1]

Filmproduktioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir Verrouillage central krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film 1998 e Subside vum Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 300.000 Lëtzebuerger Frang fir d'Dréibuch vum Film ze schreiwen.[2] D'Joer drop koum e weidere Subside vu 3,5 Millioune Frang fir d'Produktioun vum Kuerzfilm dobäi,[3] an 2001 eng « Aide à la promotion » vu ronn 5.500 Euro.[4]

Accueil[änneren | Quelltext änneren]

De Film gouf ënner anerem 2001 um Bréisseler Kuerzfilmfestival gewisen.[5]

Um franséische Festival international de films de femmes zu Créteil krut en de "Prix Beaumarchais" als beschte franséischssproochege Kuerzfilm.[6]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Verrouillage central de Geneviève Mersch vum Jean-Michel Vlaeminckx (15. Juli 2001)
  2. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 201
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture de l'Enseignement supérieur et de la recherche 1999, Mäerz 2000, Säit 218
  4. Rapport Annuel 2001 vum Lëtzebuerger Filmfong, Säit 7
  5. bsff.be Compétition 2001
  6. filmsdefemmes.com: Édition 2002: Palmarès