Victor Lenert

Vu Wikipedia

De Victor Lenert vu Beefort war e lëtzebuergeschen Douanier an Erfinder.

Hien huet den 22. Mäerz 1946 e Brevet fir de Bau vun engem Perpetuum mobile ugemellt.

Et war dëst e Rad, bei deem sech, wann et gedréint huet, Gewiichter, déi ronderëm an Trommele waren, verlagert hunn, an duerch Hiewelwierkung nei Schwong kritt hunn.

Well kee sech dofir intresséiert huet, déi Maschinn ze bauen - déi franséisch Académie royale des Sciences hat z. B. schonn 1775 festgestallt, datt Perpetuum-mobileën absolut onméiglech wieren - huet de Lenert nach e puer Konferenzen organiséiert an eng Broschür publizéiert, fir drop opmierksam ze maachen. An der Broschür (no eegener Ausso "èn historescht Dokument") schrouf en, hiren Zweck wier,

...jidder Ênzelnen mat menger invention bekannt ze man fir dat kè mir spe'der de 'Reproche' mâche kann, ech hätt neischt fir meng Idé n der Hémecht önnerholl, resp. fir se opzerîchten. Ech mâche wât a menge Kräften ass, a kè me' we' ech, ge'f et bedaueren, a liewenslänglech dofir kränken, wann d'Ausland ons zevir ke'm, an sech domat de 'Prestige' an d' 'Sensatio'n' verschâfe ge'f, den 1. 'Perpetuum Mobile' gebaut ze hun.[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Romain Hilgert:"Victor Lenerts Perpetuum mobile." In: d'Lëtzebuerger Land Nr.32, 8. August 2014, S.13.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Victor Lenert: L'inventeur du Perpetuum Mobile. 1951, 16 S. Zit n. Hilgert an der Literatur.