Viking Metal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Viking Metal ass eng Ënnerdeelung vum Metal. Et ass eng Aart Power Metal wou cleane Gesank an Death/Black-Growls ofwiesselnd benotzt ginn. Dacks ginn och Männerchéier agesat. D'Texter handle meeschtens iwwert d'Wikinger an hir Mythologie, dohier den Numm.
Am Viking Metal ginn och heiansdo Elementer aus dem skandinavescher Folklore benotzt (z. B. Hummppa, eng Aart Polka), oder Sprooche vun skandinavesche Vëlker (z. B. Samesch).
Déi meescht Viking Metal Bands kommen aus den nordesche Länner, mee et ginn och Viking Metal Bands aus anere Länner, wéi z. B. déi däitsch Grupp Equilibrium.
Bekannt Viking Metal Gruppen [änneren]
- Finntroll aus Finnland
- Korpiklaani aus Finnland
- Turisas aus Finnland