Vokal

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Vokal bezeechent an der Phonetik e Laut vun der mënschlecher Sprooch, deen duerch en ongehënnerte Stroum vu Loft duerch d'Hielen, déi iwwer der Schléck leien, d. h. d'Mond- an Nuesenhiel, entsteet. Déi Hielen déngen als Resonanzkierper, an hir Form an d'Quantitéit vun der Loft, déi derduerch ginn, bestëmmen d'Qualitéit vum Vokal.

De Vokale géintiwwer stinn d'Konsonanten, bei deenen de Loftstroum gehënnert gëtt.

Eegeschafte vun engem Vokal[änneren | Quelltext änneren]

Voyelles.svg

De Klang vun de Vokalen hänkt vun der Zuel, der Form an dem Volume vun de Resonanzkierperen of, duerch déi déi ausgeotemt Loft fléisst:

  1. Zuel vun de Resonatoren:
    • Wann déi ganz Loft duerch de Mond ausgestouss gëtt, schwätzt ee vun orale Vokalen
      •  : a, ee, i ;
    • wann en Deel vun der Loft duerch d'Nues ausgestouss gëtt, schwätzt ee vun nasale Vokalen:
    • wann d'Lëpsen no vir gestreckt ginn, entsteet en Huelraum tëscht hinnen an den Zänn; dës Labialhiel ass deen drëtte Resonator. D'Vokaler, déi sou entstinn, nennt een gerënnt.
      • Graphemer: u, ü, ö, o.
  2. Déift vum Artikulatiounspunkt:
    • wann dee viischten Deel vun der Zong dem viischten Deel vum Gumm entgéintgewëlleft gëtt, nennt een dat "déi viischt Vokaler"
      • ee, ü, a
    • wann den hënneschten Deel vun der Zong dem hënneschten Deel vum Gumm entgéintgewëlleft gëtt, schwätzt ee vun "hënneschte Vokaler"
      • o, u
    • wann de mëttelsen Deel vun der Zong sech dem mëttelsen Deel vum Gumm entgéintwëlleft, schwätzt ee vun zentralen" oder "mëttelse Vokaler":
      • ë
  3. Gréisst vun der Mondhiel, déi virun allem dovun ofhängt, wéi wäit de Mond op ass. Et gëtt véier Ëffnungsgraden:
    • 1. Grad: Vokalen, déi "zou" sinn, oder mat minimaler Oppenheet: (Beispill: i)
    • 2. Grad: "Hallef-zoue" Vokaler: (Beispill: ee);
    • 3. Grad: "Hallef-oppe" Vokaler: (Beispill: ä);
    • 4. Grad: "oppe" Vokaler: (Beispill: a).

Heidrënner sinn déi gängest Vokaler gewisen (transkribéiert an d'Internationaalt Phonetescht Alphabet no den dräi Charekteristiken, wéi se hei uewendriwwer beschriwwe sinn.

  Vokaler Kuckt och: IPA, Konsonanten  
Viischt Vokaler Mëttels Vokaler Hënnescht Vokaler
Héich Vokaler i y ɨ ʉ ɯ u
Héich ënnescht Vokaler ɪ ʏ ʊ
Iewescht mëttels Vokaler e ø ɘ ɵ ɤ o
Mëttels Vokaler ǝ
Ënnescht mëttels Vokaler ɛ œ ɜ ɞ ʌ ɔ
Déif iewescht Vokaler æ ɐ
Déif Vokaler a ɶ ɑ ɒ
Wann zwee Symboler an deem selwechten Haische stinn, dann ass dee lénksen en net-gerënnten,
dee rietsen e gerënnte Vokal.
Bei de zentrale Vokaler ass d'labial Resonanz net spezifiéiert.