Waffeleisen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
e gossent Wäffelcherseisen
en elektrescht Waffeleisen

E Waffeleisen ass e Kichegeschier, fir Eisekuchen ze baken. Bei Wäffelcher schwätzt ee vun engem "Wäffelcherseisen".

E Waffeleise besteet aus zwou metalle Plakken, op deenen e Muster (a Wabeform) am Negativ drop ass. Béid Plakke ginn erhëtzt, da gëtt flëssegen Deeg drageschott a se ginn zou gemaach. No e puer Minutten ass den Deeg bannendra gebak, an den Eisekuch ass fäerdeg.

Fréier geschouch d'Erhëtzen, andeems een d'Waffeleisen, dat aus Goss war, an oder iwwer d'Feier gehalen huet, haut ass dat meeschtens elektresch.

Wäffelcher ginn nom Baken dacks an eng Cornet-Form gerullt.

Commons: Waffle irons – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen