Wanamaker Mile

Vu Wikipedia

D'Wanamaker Mile ass e Meilelaf an der Hal deen all Joer bei de Millrose Games zu New York ausgedroe gëtt. E krut säin Numm zu Éiere vum Geschäftsmann Rodman Wanamaker.

Déi éischt Course gouf 1926 am Madison Square Garden gelaf,[1] an duerno all Joer op der selwechter Plaz bis 2012. Vun do u gëtt se am Armory am Upper Manhattan ausgedroen.[2]

De Lëtzebuerger Olympionik Josy Barthel hat déi Course 1954 gewonnen.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. The Greatest Indoor Race In History
  2. From Good Times at the Garden to a New Era at the Armory