Wiessel (Schäin)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Wiessel (däitsch: Wechsel; franséisch: lettre de change) ass en Handelsdokument, eng Art Scholdschäin (franséisch: effet de commerce), deen op Drëttpersounen iwwerdro ka ginn. Déi kréien dann d'Recht, fir um Verfallsdag d'Aléisung vum Scholdschäin vu deem, op deen en gezunn ass, ze fuerderen. De Wiessel gëtt vun engem Tireur, dem Verkeefer, ausgestallt a stellt eng Opfuerderung un den Tiré, de Keefer, duer, den entspreechenden Betrag um Verfallsdag un de Keefer oder de Porteur vum Wiessel ze bezuelen.
Um Wiessel steet:
- De Num vum Verkeefer, fr.: Tireur, deen de Schäin austellt;
- De Numm vum Keefer, Tiré, deen de Géigewert um Verfallsdag schëlleg ass;
- De Numm vum Beneficiaire, de Verkeefer oder eng Drëttpersoun;
- D'Acceptatatioun vum Keefer, um Verfallsdag de Wiessel un deen deen e presentéiert ze bezuelen.
Daourno huet de Keefer verschidde Méiglechkeeten:
- Um Verfallsdag presentéiert hien dem Keefer de Wiessel fir ze bezuelen;
- De Verkeefer léist de Wiessel bei enger Bank an (Endossement), déi him de Wiessel escomptéiert, dat heescht datt se him no Ofzug vun enger Provsioun an den Zensen bis zum Verfallsdag de Betrag guttschreift. De Virdeel vum Wiessel besteet doran, dat en erlabt Scholden ze mobiliséieren an doduerch d'Roll vun engem Kreditinstrument spillen kann. Fir d'Bank stellt en eng Sécherheet duer. Si hunn och hieresäits d'Méiglechkeet, fir hier Wiesselen ze reescomptéieren, ënnert anerem bei der nationaler Emissiounsbank a sou, wa noutwänneg, een Deel vun hire Krediter ze mobiliséieren. Bezuelt de Keefer net, get de Wiessel iwwert e Dierweechter protestéiert a kënnt op d'Lëscht vu de Protêten, eng Lëscht, déi regelméisseg verëffentlecht gët.