Wikipedia:Nummkonventiounen/Hebräesch

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Hei fannt Dir d'Konventioune fir Neihebräesch (Iwrit).

Transkriptioun[änneren | Quelltext änneren]

Konsonanten[änneren | Quelltext änneren]

Hebräesch Numm Lautwäert Wikipedia Umierkungen
א alef [ʔ] ' *
ב bet [b],[v] b,w Wuertufank: /b/
Wuertmëtt: /b/ oder /w/
Wuertenn: /w/ bevirzugt w - v bei héijer Verbreedung
ג gimel [g] g
ד dalet [d] d
ה he [h] h *
ו wav [v] w bevirzugt w - v bei héijer Verbreedung
ו (vav) [o],[u] o,u *
ז zajin [z] z
ח chet [x],[ħ] ch
ט tet [t] t
י jod [j] j bevirzugt j - y bei héijer Verbreedung
י jod [i] i *
ך כ kaf [k],[x] k,x Wuertufank: /k/
Wuertmëtt: /k/ oder /ch/
Wuertenn: /ch/
ל lamed [l] l
ם מ mem [m] m
נ ן nun [n] n
ס samech [s] s
ע ajin [ʔ] ' *
ף פ pe [p] p Wuertufank: /p/
Wuertmëtt: /p/ oder /f/
Wuertenn: /f/
ץ צ tzadi [ts] tz
ק kof [k] k
ר resch [r],[ʀ] r
ש schin [ʃ] sch bevirzugt sch - sh bei héijer Verbreedung
ש sin [s] s
ת taw [t] t

*Umierkungen:

  • א: Um Wuertufank an -enn gëtt de Stëmmabsatzlaut net duerch en Apostroph markéiert, an der Mëtt vum Wuert schonn. א ka wéi och ע (virun allem um Wuertufank) Dréier vun engem Vokal sinn, deen an der Ëmschrëft entspriechend agesat gëtt:
    • ארץ eretz (Land)
    • מאוד me'od (ganz, vill)
    • לקרוא likro (liesen)
  • ע: en Ajin deen eng Silb zoumécht (meeschtens um Enn vum Wuert) gëtt net markéiert:
    • שבוע schawúa (Woch)
    • להשתגע lehischtagéa (verréckt ginn)
  • ה: He kann an Eenzelfäll e konsonantesche Wäert hunn - an dësem Fall gëtt et natierlech geschriwwen:
    • גבוה gawóah (héich)
  • ה: An de meeschte Fäll weist He awer de vokaleschen Auslaut un; ët gëtt an dësem Fall net an der Ëmschrëft ugewisen:
    • משטרה mischtara (Police)

Vokaler, Diphthongen, Hallefvokaler[änneren | Quelltext änneren]

An der Schreifweis, déi an Israel üblech ass, gi verschidde Vokaler net markéiert (a, e, heiansdo i, o), anerer (o, u, i) benotze meeschtens d'Bustawen ו an י fir datt ee se besser liese kann. Gläichzäiteg ginn ו an י an der onvokaliséierter Schreifweis verduebelt, wa si d'Hallefvokaler w a j duerstelle sollen, awer net um Ufank oder Enn vum Wuert. Virun engem Schwa kënnt an der Regel keen י. Bei kuerze Wierder a wichtegen Ausdréck gëtt den ו (als o) net geschriwwen.

  • onmarkéiert Vokaler
    • a: גן gan (Gaart, Park)
    • e: בן ben (Jong)
    • i: מכתב michtaw (Bréif)
    • o: כל kol (alles, jiddfereen)
    • o: שמאל smol (lénks)
  • markéiert Vokaler
    • i: שיר schir (Lidd)
    • o: מלון malon (Hôtel)
    • u: חוץ chutz (baussen)
  • Diphtongen
    • wa: תקווה Tikwa (Hoffnung)
    • ai: תייר Tajar (Tourist)
    • w: ורד Wered (Rous)
    • ai: אלי elai (zu mir)
    • aw: עכשיו achschaw (elo)

Besonnesch Schreifweisen[änneren | Quelltext änneren]

  • Schreiwe vun ישראל

Et schreift een Israel, wann et ëm de Staat geet; wann awer ישראל an enger Bezeechnung virkënnt, schreift ee Jisra'el.

  • Nimm

Verschidden hebräesch Nimm hu sech am Lëtzebuergeschen an am Däitschen an enger Schreifweis agebiergert, déi vun der Nummkonventioun verschidden ass, si kënnen och sou geschriwwe ginn, wéi et bei eis üblech ass:

D'Virnimm, déi mat -el ophalen, sou wéi Gabri'el, Micha'el, Rafa'el asw. ginn ouni Apostroph geschriwwen.

Ausserdeem gëtt et an Israel e puer Familljennimm (meeschtens Jiddesch), déi am Däitschen (an domat am Lëtzebuergeschen) eng geleefeg Schrëft hunn, wéi zum Beispill

  • Silberstein (eigentlech: Zilberschtain)
  • Goldstein (eigentlech: Goldschtain) – also Baruch Goldstein
  • Herzog (eigentlech: Hertzog) – also Chaim Herzog

D'Nimm vun Awanderer kënnen an hirer ursprénglecher Schreifweis bäibehale ginn, wa si net vun de Persounen an hebräesch Nimm geännert goufen:

Friemwierder
Am Hebräesche gëtt et keng Bustawe fir d'Lauter besitzt [ʒ], [[]] an []. Fir eng korrekt Duerstellung vu friemen Nimm a Wierder ginn dohir dräi verschidden hebräesch Bustawen a Kombinatioun mat engem Apostroph benotzt:

  • 'ג:
  • 'ז:

Akronymen
Am haitegen Hebräesch sinn Akronymer ganz beléift, wéi zum Beispill צה"ל Tzahal (Ofkierzung vun צבא הגנה לישראל, Tzva hagana leJisra'el fir d'israelesch Arméi, oft och Zahal geschriwwen).