Wikipedia:Signatur

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Ofkierzung: WP:SIG Fir d'Bäiträg op den Diskussiounssäiten och engem Benotzer zouuerdnen ze kënnen, huet et sech op Wikipedia agebiergert, dës z'ënnerschreiwen. Dës Säit erkläert, wéi Dir sou eng Ënnerschrëft mat engem Link op Är Benotzersäit maacht. Bei Artikelen ass eng Signatur net sënnvoll, well et do an der Regel méi wéi een Auteur gëtt. Fir nozevollzéien, wien alles un engem Artikel geschafft huet, gëtt et den Historique.

Ënnerschreiwen[änneren | Quelltext änneren]

Eng Ënnerschrëft setzt Dir no zwéi Bindestricher mat am Beschte véier Tilden ( ~ ) an. Nom Späichere gesidd Dir bei den ugemellte Benotzer e Link op hir Benotzersäit, bei dene wou net ugemellt sinn, hir IP-Adress.

Wat Dir maacht … … gëtt beim Späicherem ëmgewandelt … … a sou op der Säit ugewisen …
-- ~~~ -- [[User:Benotzernumm|Benotzernumm]] -- Benotzernumm
-- ~~~~ -- [[User:Benotzernumm|Benotzernumm]] 10:20, 28. Juli 2014 -- Benotzernumm 10:20, 28. Juli 2014
-- ~~~~~ -- 10:20, 28. Juli 2014 -- 10:20, 28. Juli 2014

Déi zwéi Bindestricher sinn aus dem Usenet iwwerholl, wou zwee Bindestricher gefollegt vun enger eideler Plaz den Ufank vun enger véierzeileger Signature kennzeechnen. Si sinn an der Wikipedia zwar net zwéngend, awer üblech.

Wien a sengen Astellungen d'Editéier-Geschirkëscht ugeschalt huet, ka mam Signatur-Icon (Button sig.png) déi véier Tilden afügen.

Inhalt vun der Signatur ännern[änneren | Quelltext änneren]

An den Astellungen léisst sech e Spëtznumm fir d'Signatur festleeën. Dozou gitt Dir am Feld "Äre Spëtznumm (fir Ënnerschrëften)" Äre Spëtznumm an. De Link gesäit dann sou aus: Spëtznumm (Am Quelltext [[User:Benotzernumm|Spëtznumm]]).

Vill Wikipedianer benotzen e klengen Trick, fir nierft dem Spëtznumm och e Link op hir Diskussiounssäit anzebannen. Dozou musst Dir an den Astellungen de Crochet fir "Ënnerschrëft ouni automatesche Link op déi eege Usersäit" aktivéieren an am Feld "Ënnerschrëft" amplaz vun Ärem Spëtznumm eng komplett Signatur mat Wiki-Syntax aginn. Wann ee folgendes

[[User:Benotzernumm|Spëtznumm]] [[User_talk:Benotzernumm|Diskussioun]]

agëtt, sou kritt ee Spëtznumm Diskussioun eraus.

Eege Signatur per Stylesheet ervirhiewen[änneren | Quelltext änneren]

Messagen, extern Linken, Reklamm oder Biller, Abanne vun Templates a. Ä. sinn a Signaturen net erwënscht, D'Sigantur soll en Hiweis op den Auteur vun engem Kommentär ginn, an net d'Liese vun der Säit fir aner Benotzer stéieren.

Als ugemellte Benotzer kann een awer trotzdem eng faarweg Signatur hunn, andeems een a säin eegene Stylesheet (beim Monobook-Skin ass et User:Benotzernumm/monobook.css) zum Beispill folgend Zeil dobäisetzt:

a[href$="User:Benotzernumm"] { background:#FF3030; font-weight:bold; }

Domat ginn all Linken op d'eege Benotzersäit mat engem rouden Hannergrond an a Fettschrëft duergestallt. Mee dëst gesäit awer nemmen dee Benotzer selwer, fir all déi aner gesäit d'Signatur ganz normal aus.

Souwéi an dësem Nummraum entspriechend fir all déi Aner (déi allerdéngs virun der Eegener stoë muss):

a[href*="User:"], a[href*="User_talk:"] { background-color:#CCF; }

Um.: Dës CSS 2/3-Indikatioune gi (säit enger Zäit) vun alle gudde Browseren ënnerstëtzt, ausser dem InternetExplorer, deen dëst eréischt ab Versioun 7 beherrscht.

Signaturen, déi feelen[änneren | Quelltext änneren]

Mat der Template:Unsigned kann een Diskussiounsbäiträg, déi net ënnerschriwwe goufe, markéieren. Dëst dingt gläichzäiteg dozou, de Benotzer drop opmierksam ze maachen, datt seng Signatur feelt, wéi et och denen anere Benotzer méi einfach gemaach gëtt, d'Diskussioun ze verfollegen. Ausgefëllt gëtt folgendermoossen:

{{subst:Unsigned|Benotzernumm oder IP-Adress|Auerzäit, Datum}}

D'Parameter kënnen aus dem Historique kopéiert ginn. Beispill: (dëse Bäitrag, deen net ënnerschriwwen ass koum vum 127.0.0.1 (DiskussiounBäiträg) 2006-06-06 06:06)

Nei Wikipediaer kënne mat {{subst:Ënnerschreiwen}} op hirer Diskussiounssäit drophigewise ginn, datt hir Ënnerschrëft feelt.