Wikipedia:WikiProjeten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

WikiProjete sinn thematesch oder zäitlech begrenzt Themegebidder, un deene méi Leit strukturéiert schaffen. Dat kann d'Schafe vun Artikelen iwwer e bestëmmte Sujet sinn, oder awer d'Opsetzen oder d'Ännere vun Artikelen am Kader vun engem bestëmmten Evenement, wou et besser ass, dat zu méi ze maachen.

Bis ewell ginn oder gouf et Wikiprojeten zu dësen Themen:

  • WikiProjet National Monumenter: D'Lëscht vun de klasséierte Monumenter zu Lëtzebuerg op der Wikipedia refletéieren, Informatiounen a Biller dozou zesummestellen an den internationale Concours Wiki Loves Monuments begleeden;
  • WikiProjet Gemengen: Sécherstellen, datt sämtlech Säiten a Strukturen der Fusioun vun de lëtzebuergeseche Gemengen Rechnung droen;
  • WikiProjet Historiographen: Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen iwwer Historiographe schreiwen;
  • WikiProjet Lokalgeschicht: Am Kader vun engem Seminaire op der Uni Lëtzebuerg Artikelen iwwer lokalhistoresch Sujete schreiwen.