Wikipedia Diskussioun:MediaWiki 1.4

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Fehler melden ...[Quelltext änneren]

... ass jo schéin a gutt mee u wie gi mer se um Schluss weider. Etwa un den Andre Engels ? deen ass jo Developper oder wou gëtt et do eng anstänneg Platz sech ze melle... sinn do lo am Moment e bessen iwwerfuerdert.--Karlthegreat 21:17, 24 Dec 2004 (UTC)

MEE TJEU NACH EMOL ... lo wollt ech dat heiten editeieren a schon rem gesinn ech nemmen nach den Titel an den Text zu "Problem Nr. 00...01"............................................... Dofier hunn ech awer mengen ech lo de Wee fonnt wéi een dee Problem kann emgoen a wéi een en erausfuerdert ...

  • Folgendes muss ee maache fir de Problem net ze kréien (zumindest bei mier mat normalem IE sou) : An de Rezenten Ännerungen (an nëmmen do!!!) klickt een net etwa op diff oder op hist mee op den Numm vun der Diskussiounssäit selwer. Dono muss een direkt eng Kéier déi Diskussiounssäit nei lueden, dono direkt op den "änneren" klicken. Normalerweis misst dann de ganzen Text och do stoen. Op kee Fall dierf een op den Artikel selwer klicken éiert een déi Diskussiounssäit ännert. !!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!! (Genau liesen ass hei den Alpha an den Omega)
  • Folgendes muss ee maache fir de Problem erauszefuerderen (IE ...) :
Et klickt een op diff an de Rezenten Ännerungen an dono op "Artikel"

:: Oder : Et mecht een e Reload vun der Diskussiounssäit nodeems een de leschten Edit an de Rezenten Ännerungen ugeklickt huet

Oder : Et hëllt een an de Rezenten Ännerungen de leschten Edit vun der Diskussiounssäit klickt op "Artikel" dann nees op "Diskussioun" an dann op "Änneren"

:: Oder (eventuell well net ausprobéiert !!) et mescht een à un instant quelconque e Reload vun dem "änneren" wann een umgaangen ass un där Diskussiounssäit ze schaffen.

Oder : de Rescht dierft der selwer fannen .. a jo iwwert d'history hunn ech et net probéiert mee mat der History waren och scho bei der Versioun 1.3 Bugs dranner besonnesch bei de leschten zwou Versioune vun engem Artikel mee dat ass lo hei eng aner Saach ...
  • N.B.1..: Et ass wuel e Problem mat dem Cache vum Server dat mat deenen Diskussiounen, mee gewesse Saachen (wéi dat mat der Anzeig dat een nei Messagen hätt) losse sech duerch Reload aus dem Cache geheien an da rullt déi Saach normalerweis rem.
  • N.B.2..: Reload heescht : rafraîchir/neu laden oder wat och emmer een an sengem Browser uklickt, beim IE handelt et sech dobäi och em e Button am Schnellmenü wou sou zwee gréng Feiler dropper sinn alternativ geet dat och mat F5 (resp. Ctrl-F5 fir déi déi Loscht hunn nach ee méi ze drecke resp déi keng Loscht hunn vierun engem F5 eng Kéier an d'Fënster selwer vun der Homepage ze klicken déi se grad ukucken [et geet net duer datt d'Fënster uewe blo ass ...]) alternativ heescht dat Déngen och Refresh
  • N.B.3.: Cache : Wann e Browser op eng Internetsäit geet späichert en eng gewëssen Unzuel un donnéen dat eent sinn d'Cookien déi deels béis (wa se deng Gewunneschten ausspionéiere sollen) deels gutt sinn (wa se der e Passwuert verhalen) an dat anert nenne mer Cache. Dat si Biller, Javascripten, Java Applets an nach sou Gedeessems dee vierun allem Leit mat 56kmodem oder ISDN relativ laang misste lueden all Kéiers. De Cache kann een duerch genannte Refresh/Reload/etc. eidel maachen (awer eeben nëmme fir eng eenzeg Säit. Daat heescht z.B. nëmmen d'Haaptsäit vun der lbwiki mee soss nix). Wann ee wëllt säi ganze Cache konsequent eidel maache muss een e besse sichen : Beim Opera fënnt een do guer nix (nada nix hunn ech genuch oft probéiert), den Netscape wees ech net, den IE muss ee fir d'Cookien ënnert Windows/Internet Explorer sichen oder sou, fir de Cache beim Internet Explorer ze fannen ass eng aner Saach mee et gëtt en iergendwouch, mee méi einfach ass et beim IE fir op Tools (op Däitsch iergendenanert Wuert ..., de Menu nieft Help/Aide/Hilfe op jidferfalls) ënnert Internet Options/Options Internet/Internet Optionen sichen. Do misst dann op der éischter Säit zwee Buttons si fir de Cache resp. d'Cookien an de virtuellen Himmel ze schécken.
  • N.B.4..: Ech hunn eng Kopie am Notepad vun deem Text wéi en lo do (hei op der Diskussiounssäit) steet wou ech deen heiten Edit maachen. Wann also lo rem verschwënnt sammelen ech dat neit a setzen et bei mech an den Notepad a kopéieren dee ganze Battaklang dann rem heihinner. Also nëmmen nach bäisetzen (zumindest op dëser Disksäit dierft do keen allzegrousse Problem sinn ...).
  • N.B.5..: Déi Saach nervt soulues...
  • N.B.6..: Wann den Andre lo nach eng Kéier hei opdaucht schreiwen ech em an engem frëndlechen Toun wat ech vun där Saach mat den Diskussiounen halen (wann et wierklech kee Cache Problem sollt bei eis sinn)
  • N.B.7..: Ech hunn dat mat dem Cache eidel maachen natierlech lo nach net probéiert mee wann ech mol rem eng Kéier op suizidär Gedanke sollt komme kéint sech dat änneren.

--Karlthegreat 21:51, 24 Dec 2004 (UTC)

P.S. An nach eppes huet sech gäennert dës Kéier allerdengs am Text uewendriwwer ...