Zulu (Vollek)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Zuluduerf (touristesch)
Zuludänzer
Krichdänz

D'Zulu sinn eng afrikanesch Volleksgrupp vu ronn 5 Millioune Mënschen, déi zu de Bantu gehéiert an déi haaptsächlech an der südafrikanescher Provënz KwaZulu-Natal lieft. D'Zulu schwätzen d'Zulu-Sprooch. Ee vun hire bekannte Vertrieder ass de Mangosuthu Gatsha Buthelezi.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am 15. Joerhonnert ass dës Bantu-Volleksgrupp aus dem Gebitt, wou haut de Kongo ass, agewandert. Ënner hirem Kinnek Shaka (* zirka 1787; † 1828) hu si am Ufank vum 19. Joerhonnert hiert Räich mat Gewalt op d'Käschte vun hiren Nopere vun 260 km² op 28.500 km² vergréissert. Ënner dem Shaka war d'Zuluräich de mächtegste Staat am südlechen Afrika. Beim "Groussen Treck" koum et ëmmer erëm zu Streidereien an Zesummestéiss mat de Buren. An der "Schluecht um Blood River" huet den Andries Pretorius, Kommandant vun de Buren, d'Zuluen de 16. Dezember 1838 geschloen an hir Haaptstad Umgungundlovu gouf véier Deeg méi spéit zerstéiert. D'Zuluräich konnt seng strategesch Positioun trotzdeem weider am südlechen Afrika behaapten. Am Kampf géint d'Apartheid hu si ënner dem Mangosuthu Gatsha Buthelezi eng moderéiert Positioun ageholl, déi vun der radikaler Positioun vun de Xhosa grondverschidde war.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zulu – Biller, Videoen oder Audiodateien