Ëmweltdiplom

Vu Wikipedia

D'Zil vum Ëmweltdiplom ass et, Kanner a Jugendlecher fir d'Theema Ëmwelt ze sensibiliséieren. D'Iddi kënnt ursprénglech vu Karlsruhe. Do gouf op Initiativ vun der „Forstverwaltung“ den éischte „Karlsruher Umweltdiplom“ an d'Liewe geruff.

D'Ëmweltberodung Lëtzebuerg (EBL) huet ee Basiskonzept opgestallt, un deem Gemenge sech kënnen orientéieren. Am Joer 2001 huet d'Gemeng Käerjeng déi Iddi ugeholl an e Budget fir d'Realiséierung vum éischte Käerjenger Ëmweltdiplom festgesat.

D'Ëmweltamt ënner der Leedung vum Laurent Pirrotte huet dunn d'Aufgab kritt dee Konzept fir déi zwéi Summerméint auszeschaffen. D'Basiskonzept vun der EBL ass deelweis iwwerholl ginn, a vun der Gemeng ugepasst ginn.

2002 ass du fir d'éischt de „Käerjenger Ëmweltdiplom fir Kanner“ organiséiert ginn a war och ee groussen Erfolleg, dee weeder Ëmweltamt, nach den EBL sech erwaart haten.

Am Joer 2003 ass dunn den Ëmweltdiplom fir déi zweet Kéier organiséiert ginn. D'Feeler an d'Problemer vun 2002 si behuewe ginn. Sou ass zum Beispill d'Zuel vun de Kanner, déi bei den Aktivitéite matmaache konnten, limitéiert ginn.

Joer fir Joer gëtt den Ëmweltdiplom organiséiert an et kommen ëmmer nei Aktivitéiten a Partner dobäi, obwuel d'Aktivitéite just knapps zwéi Méint am Joer daueren. Sou ginn all Joer ongeféier 32 Aktivitéiten organiséiert an iwwer 40 Deeg ofgehalen.

Partner[änneren | Quelltext änneren]

Hëllef kritt den Ëmweltdiplom vu follgende Partner:

Guiden a Scouten St. Willibrord, Association des parents d'élèves, SICONA-Sud-Ouest, Harmonie Hautcharage, SIDOR, D.T. Bascharage, S.D.K. (SuperDrecksKëscht), Brasserie Nationale, SIACH, Valorlux, Sapeurs Pompiers Bascharage, Lënger Trapper, Regulus Junior Club LNVL, Fierschter vun der Gemeng, Panda-Club, S.E.S. Käerch, Naturfrënn Käerjeng, Amicale des Marcheurs Bascharage, LuxPET, Ëmweltpolice, Minett-Kompost.

Diplomiwwereechung[änneren | Quelltext änneren]

All Summer gëtt d'Iwwerreechung vum Ëmweltdiplom an engem gewësse Kader organiséiert.

2002 ass a Presenz vum deemolege Staatssekretär Eugène Berger, den Diplom iwwerreecht ginn.

2003 gouf a Presenz vum Charles Goerens ee grousst „Transfair-Frühstück“ organiséiert, an d'Kanner hu een Diplom an eng Zeitung mat Fotoe vun den Aktivitéiten iwwerreecht kritt.

2004 hunn d'Kanner nieft hirem Diplom, een Naturlexikon an een Uebstbam geschenkt kritt.

2005 hunn d'Kanner zesumme mat hire Monitricen T-Shirte mam Maskottche vum Ëmweltdiplom gemoolt a sinn duerno mat deenen T-Shirten duerch d'Gemeng getrëppelt an hu gesongen.

2006 ass ee Mobilitéitsrallye mat Hëllef vun der Ëmweltkommissioun op Been gesat ginn. Beim Diplom kruten d'Kanner och nach e Kalenner mat Fotoe vun den Aktivitéiten.

Ekipp vum Ëmweltdiplom[änneren | Quelltext änneren]

De Laurent Pirrotte gëtt vu 5-6 Studentinnen ënnerstëtzt, déi hie vu Joer zu Joer ëmmer méi ofléisen. Duerch déi laangjäreg Mataarbecht a Motivatioun vun de Studentinnen ass et méiglech, datt den Ëmweltdiplom sech sou gutt weiderentwéckelt a sech och aner Gemengen ustieche loossen. D'Gemenge Suessem a Péiteng organiséieren 2007 fir d'éischt en Ëmweltdiplom an orientéiere sech um „Käerjenger Ëmweltdiplom fir Kanner“.

Maskottchen[änneren | Quelltext änneren]

Den Iggi, e Kéiseker, ass d'Maskottche vum Ëmweltdiplom.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]