800-Meter-Laf

Vu Wikipedia
Finall vum 800-Meter-Laf op der Weltmeeschterschaft 2007 zu Osaka

Den 800-Meter-Laf ass eng olympesch Disziplin an der Liichtathleetik, déi zu de Mëttelstrecke gehéiert.

De Start ass am Stoen an all Athleet muss op den éischten 100 Meter a sengem Couloir bleiwen. Wien dee verléisst gëtt disqualifizéiert. No 100 Meter däerfen d'Athleeten hire Couloir verloossen. Déi Plaz gëtt duerch eng Iwwergangslinn signaliséiert. Déi Moossnam gouf agefouert fir Gedrécks ze vermeiden an datt déi staark Athleete vir sinn an déi méi schwaach Athleeten deenen anere net an de Féiss sinn.

No engem Tour huet d'Feld sech da forméiert an den Endspurt gëtt scho preparéiert. Vereenzelt Athleete probéieren auszebriechen oder se halen den Tempo sou héich, datt déi aner keng Kraaft méi hunn, fir laanscht ze goen. Op de leschten 300 Meter soll een dann an den éischte Positioune si fir net agekesselt ze ginn. Déi lescht 200 Meter gëtt dann nach alles aus sech eraus geholl. Et kënnt vir datt Athleeten op de leschte 50 Meter abriechen oder Krämp kréien.

D'800 Meter kënnen awer och taktesch gelaf ginn, zum Beispill den éischten Tour gëtt verbummelt (z. B.: 55-60 Sek) an de leschten Tour gëtt Vollgas gelaf (ënner 50 Sek).

Fir déi Streck ze lafe brauch den Athleet d'Vitess vun der 400 m-Course an d'Konditioun vun där vu 1500 m. Am zweeten Tour erreecht den Athleet normalerweis d'anaerob Schwell. Op där Distanz entscheeden ëmmer déi lescht 200 m.

Rekorder[änneren | Quelltext änneren]

Weltrekorder:[änneren | Quelltext änneren]

Lëtzebuergesche Rekord:[änneren | Quelltext änneren]