Aberporth

Vu Wikipedia
Aberporth
Land Vereenegt Kinnekräich
Vewaltungseenheet Wales
Awunner 2.374
  2011
Fläch 1.645,93 ha
Héicht 0 - 100
Koordinaten 52° 08’ 00’’ N 04° 33’ 00’’ W

Aberporth ass eng Stad an der Grofschaft Ceredigion an der Cardigan Bay op der walisescher Küst.

D'Plaz lieft haaptsächlech vum Friemeverkéier an ass ee virun allem bei Famillje mat Kanner eng beléift Strand- a Buedplaz, well d'Plagen déi e Bloe Fändel huet an der Saison bewaacht ass. Z'erreechen ass Aberporth iwwer d'M4, Offaart Carmarthen an dann iwwer d'A484 a Richtung Newcastle Emlyn.

An der Géigend vun Aberporth ass zanter dem Zweete Weltkrich eng Übungsplaz vun der brittescher Arméi fir Rakéiten, vun där aus och zivil Héichtefuerschungsrakéiten fir d'Atmosphärefuerschung gestart goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Aberporth – Biller, Videoen oder Audiodateien