Adobe Photoshop

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Adobe Photoshop Logo

Adobe Photoshop ass e Bildbeaarbechtungsprogramm vun der Firma Adobe Systems Incorporated, déi hire Sëtz zu San José a Kalifornien (USA) huet, an 1982 gegrënnt gouf.

Anescht wéi säi "klenge Brudder" den Adobe Photoshop Elements, dee sech un Amateurfotografe riicht, bitt den Adobe Photoshop dem Beruffsfotograf e komplette Pak fir digital Biller ze verschaffen. Et gëtt déi Software an zwou Fassungen, fir Windows a fir Mac.

Inhaltsverzeechnes

Generell [änneren]

Photoshop ass en Deel vun der Adobe Creative Suite. Am Beräich vun der professioneller Bildbeaarbechtung gëtt Photoshop als Leader vum Marché considéréiert. Di aktuell Versioun, Photoshop CS5, gëtt et neierdéngs och an enger 64-Bit-Versioun.


Basisdaten
Entwéckler: Adobe Systems
Betriebsystem: Mac OS X, Windows
Kategorie: Bildbeaarbechtungsprogramm

Bedeitung vun der Software [änneren]

Photoshop ass ee vun den funktiounsräichste Bildbeaarbechtungsprogrammer di am Moment um Marché ze fanne sinn an en huet sech als Industriestandard duerchgesat.

Mee duerch säin enorm héije Präis ass e fir Privatleit net attraktiv, an dowéinst huet Adobe dem Photoshop säi "klenge Brudder" erausbruecht: Adobe Photoshop Elements.

Während sech Photoshop u professionell Benotzer riicht, ass Photoshop Elements éischter fir den Amateurberäich geduecht. Bei Photoshop Elements gouf de Fokus op d'Benotzerfrëndlechkeet an déi einfach Beaarbechtung geluecht. Sou gëtt et bei Photoshop Elements zum Beispill e Rout-Aen-Tool, deen et erméiglecht, rout Aen z'eliminéieren. Sou eng Funktioun hat de "grousse Brudder" bis d'Versioun CS2 net.

Photoshop Elements gëtt dacks zesumme mam Kaf vu Scanneren an Digitalkameraen ausgeliwwert.

Beim Photoshop Elements feelen dofir de Faarfmodellmodus CYMK an d'Méiglechkeet, d'Biller am 48-Bit-Modus ze beaarbechten. Dës Funktioune ginn normalerweis nëmmen am professionelle Beräich benotzt.

Geschicht vu Photoshop [änneren]

D'Entwécklung vu Photoshop huet 1987 ugefaang. Fir d'éischt huet nëmmen den Thomas Knoll um Photoshop-Projet geschafft, dono huet e mat sengem Brudder John Knoll zesummegeschafft. Den John Knoll huet zu där Zäit bei der Firma "Industrial Light & Magic" geschafft. Sou hat en d'Méiglechkeet, säin nei entwéckelte Programm fir de Film "The Abyss" anzesetzen. Dee Programm huet zu deem Zäitpunkt net Photoshop geheescht, mee Display. Déi zwee Bridder hunn de Programm dauernd verbessert.

Di éischt Ausliwwerung vun 200 Kopië vum Programm, d'Versioun 0.87, gouf ee Joer mi spéit vun der Firma Barneyscan XP realiséiert. Zu där Zäit gouf di Software mat dem Scanner vun der Firma verkaf. Den Numm "Display" gouf duerch den Numm "Image Pro" ersat.

Zu deem Zäitpunkt huet Adobe zesumme mat Letraset beschloss, de Programm "Color Studio" weider z'entwéckelen. Den Art Director vun Adobe, Russel Brown, huet Photoshop awer besser fonnt.

1988 hunn dofir d'Knoll-Bridder an Adobe e Kontrakt fir zwee Joer ënnerschriwwen, deen d'Zukunft vu Photoshop garantéiere soll. Zwee Joer mi spéit, am Februar 1990, gouf du Photoshop S1.0 vun Adobe exklusiv fir den Apple Macintosh verëffentlecht.Vun Ufank u war d'Software zur Beaarbeschtung vu gescannte Biller geduecht.

Obwuel Photoshop haaptsächlech zur Beaarbechtung vun drockfäerdege Biller programméiert gouf, sinn och ëmmer mi Biller fir de World-Wide-Web mat Hëllef vun deem Programm entstan.

Bei der Versioun S5.5 koum de Programm "ImageReady" eraus. Dës nei Software huet eng speziell Geschirkëscht fir d'Entwécklung vu WWW-Biller zur Verfügung gestallt. Bis zur Versioun Photoshop CS2 goufen all di Funktiounen an de Photoshop agebaut.

2003 gouf d'Benennung vun Photoshop geännert. Lo stellt den Numm d'Creative Suite duer, zu där Photoshop gehéiert (Photoshop CS, Photoshop CS2,…). Di jeeweileg Versiounsnummer (9, 10, asw…) gëtt nëmmen nach benotzt fir zousätzlech Informatiounen ze ginn.

Am Abrëll 2003 ass Photoshop CS2 op de Marché komm, am Mäerz 2007 koum du Photoshop CS3. Zënter CS3 gëtt et ImageReady net mi als separate Programm. Photoshop CS4, gouf am September 2008 verëffentlecht. Sait dem Mee 2010 gett et Photoshop CS5 ze kaafen.

Photoshop CS3, CS4 an CS5 ginn et an zwou Versiounen: Photoshop Extended an den normale Photoshop.

Aner Informatiounen [änneren]

Iwwer Photoshop sinn eng Rei Bicher geschriwwe ginn. En plus kommen all Mount Magaziner eraus, di sech mam Thema Photoshop befaassen.

Fir den Austausch tësche Photoshop-User z'erliichteren, si vill Websäiten ageriicht ginn an all Joer ginn Evenementer fir Photoshop-Begeeschterter organiséiert.

Et ginn eng Rëtsch bekannt "Photoshopper". E puer dovunner sinn:

Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Adobe Photoshop – Biller, Videoen oder Audiodateien