Alex Federspil
Ausgesinn
Alex Federspil | |
---|---|
Gebuer |
18. Juli 1904 Peppeng |
Gestuerwen |
14. August 1967 Peppeng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Alexandre Jacques Federspil, genannt Federspils Lex, gebuer den 18. Juli 1904 zu Peppeng, an do gestuerwen de 14. August 1967, war e lëtzebuergesche Kazettler a Buergermeeschter vun der Gemeng Réiser.[1]
Den Alex Federspil war de Jong vum Lukas Federspil, dem Duerfschmatt vu Peppeng, an der Anna Schott. En ass am Haus A Schmatten op d'Welt komm an en huet a sengem Elterenhaus d'Schmëdd weidergefouert.
Schonn a senger Jugend war hie bei de Peppenger Pompjeeën. 1953 gouf hie Kommandant vun deem Corps.
Och am Gemengerot war hie vun 1951 bis zu sengem Doud engagéiert. Buergermeeschter war e vun 1964 bis 1967.
Zu Peppeng ass déi Strooss, déi bei den ale Waasserbaseng féiert, no him genannt ginn.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Doudesannonce vum Alex Federspil. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (16. August 1967). Gekuckt de(n) 16.03.2023.