Allee um Katrewang

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Allee um Quatre-Vents)
Allee um Katrewang
D'Allee erof op de Rond-point um Katrewang gekuckt (Oktober 2011)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg, Allee
Land Lëtzebuerg
Gemeng Kielen
Plaz Katrewang
Adress Nationalstrooss 12
Koordinaten 49°40'24,60"N, 6°2'55,50"O
Bamaart Platanen, Ahornen, Eschen

D'Allee um Katrewang ass deen Deel vun der Nationalstrooss N12, dee sech vum Katrewang bei Kielen iwwer ronn 500 Meter erop a Richtung Koplescht zitt.

Déi 117 Beem, haaptsächlech Platanen, gemëscht mat Ahornen an Eschen, gehéiere wéinst hirem impressionnanten Ubléck zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Ëm 2000 gouf fir den déckste Bam vun der Allee en Ëmfang, op Broschthéicht, vun 2,95 m bei enger Gréisst vu 26 m gemooss.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 220-221, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 145: Text; S. 147: Foto).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Allee um Katrewang – Biller, Videoen oder Audiodateien