Amedeo Avogadro

Vu Wikipedia
Amedeo Avogadro
Gebuertsnumm Lorenzo Romano Amede
Gebuer 9. August 1776
Turin
Gestuerwen 9. Juli 1856
Turin
Aktivitéit Physiker, Chimist, Universitéitsprofesser
Member vun Accademia Nazionale delle Scienze, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Accademia delle Scienze di Torino

De Lorenzo Romano Amedeo Carlo Avogadro, Grof vu Quaregna an Cerreto, gebuer den 9. August 1776 zu Turin an do och gestuerwen den 9. Juli 1856 war en italieenesche Physiker a Chimist.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Mémoire sur les chaleurs spécifiques

Den Avogadro huet Droit a Wëssenschafte studéiert a krut 1796 den Doktertitel am Droit. Duerno huet hie wärend 15 Joer Philosophie ënnerriicht, ier hien 1820 Professer fir mathematesch Physik op der Universitéit vun Turin gouf. No 2 Joer gouf hien, warscheinlech aus politesche Grënn, ofgesat.

Den Avogadro huet sech dunn 12 Joer zeréckgezunn an net méi ënnerriicht. 1834 gouf hien awer retabléiert a konnt seng Plaz nees bis zu senger Pensioun, 1850 besetzen.

Wëssenschaftlech Aarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Dem Avogadro säi Gesetz seet datt zwéi Gasen déi bei gläichem Drock an Temperatur de selwechte Volumen anhuelen, déi selwecht Zuel vu Moleküllen enthalen.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

1956 huet déi italieenesch Post en Timber zu sengen Éieren erausginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amedeo Avogadro – Biller, Videoen oder Audiodateien