Anna Pawlowna Pawlowa

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Anna Pawlowna Pawlowa

D'Anna Pawlowna Pawlowa, op Russesch Анна Матвеевна Павлова bzw. Анна Павловна Павлова, gebuer den 31. Januar 1882 zu Sankt Péitersbuerg als Anna Matwejewna Pawlowa, a gestuerwen den 23. Januar 1931 zu Den Haag, war eng russesch Dänzerin.

Scho mat 17 Joer ass d'Anna Pawlowa als Solodänzerin am keeserleche "Marginsky-Theater" opgetrueden. Mat 25 Joer krut si den Titel "Prima Ballerina Assoluta". Bei Geleeënheet vun dëser Éierung huet si fir d'éischte Kéier de "Schwan, deen amgaangen ass ze stierwen" ,no enger Musek vum Camille Saint-Saëns, gedanzt.

1907 huet d'Anna Pawlowa hir traditiounsgebonne Balletstrupp a Russland verlooss. Vun dunn un ass si wéi hire bekannte Partner Wazlaw Nischinski fir d'éischt mat dem Sergej Djagilew senge "Ballets russes" an duerno mat engem eegenen Ensembel duerch Europa, Amerika an Asien gereest. Der Anna Pawlowa hir grouss Stäerkt war hir grouss Disziplin an hir brilliant Danztechnik, ouni hir individuell an expressiv Ausstrahlung ze vergiessen.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Anna Pawlowa – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen