Antoni Martí
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antoni ("Toni") Martí Petit, gebuer 1963 zu Escaldes-Engordany, ass en andorraneschen Architekt a Politiker.
Hien ass zënter dem 11. Mee 2011 Premierminister an Andorra, nodeems déi vun him gegrënnte mëtt-riets Oppositiounspartei, d'Demòcrates per Andorra (DA), bei de Parlamentswalen 2011 d'absolut Majoritéit am Parlament krut.
Virdru war hie vun 2003-2011 Cònsol Major (Buergermeeschter) vun Escaldes-Engordany a vun 1994-2003 Conseller General (Deputéierten) am Parlament fir de Partit Liberal d'Andorra (PLA).