Apple Magic Mouse

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Magic Mouse 01 Pengo.jpg
Apple Magic Mouse
Hiersteller: Apple
Type: Maus
Virstellung: 20. Oktober 2009
Connectioun: Bluetooth
Virgänger: Apple Mighty Mouse

D'Apple Magic Mouse ass eng optesch Computermaus vun Apple dei ouni Kabel funktionéiert. Se gouf den 20. Oktober 2009 virgestallt a fir d'éischt verkaf. Ausserdeem ass se den Nofolger vun der Apple Mighty Mouse an ass di éischt Maus déi Multi-Touch beherrscht, wat et méiglech mécht fir Gesten ze benotzen.

Inhaltsverzeechnes

Funktioun [änneren]

D'Magic Mouse huet eng Multi-Touch-Uewerfläch, die mam iPhone-Screen oder mam Macbook Trackpad ka verglach ginn. Et scrollt een doduerch, datt een e Fanger op der Maus op-, of- a säitlech beweegt, wat et och méiglech mécht fir 360-Grad-Bewegungen ze maachen.

Virdeeler [änneren]

Well d'Magic Mouse keng mechanesch Deeler huet, kann et net méi virkommen datt et duerch Verschmotzung zu enger Disfunktion von der Scrollfunktioun kënnt, wéi et beim Virgängermodell de Fall war.

Viraussetzungen [änneren]

  • E Mac mat Bluetooth;
  • Mac OS X 10.5.8 (oder mi nei) mam Wireless Mouse Software Update 1.0 (ab Mac OS X 10.6.2 gëtt d'Magic Mouse OTB ënnerstëtzt).

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Offiziell Sait