Apple iMac

Vu Wikipedia

Den iMac ass en Desktopcomputer vun der US-amerikanescher Firma Apple. Den éischte Modell gouf 1998 op de Maart bruecht.

E gehéiert zur Rei vun de Macintoshcomputeren.

Deemools wéi haut war de Bildschierm an de Computer an engem Stéck.

Ursprénglech hat den iMac G3 (1998–2003), eent no hanne eefërmegt Gehais mat faarwegen, duerchsichtegem Boîtier, engem 15-Zoll-Bildschierm. E gouf mat enger ronner Maus an enger Tastatur geliwwert. Déi éischt haten nach Mac OS 8.1 an 233 MHz-Prozesseren, mä si goufen ëmmer weiderentwéckelt a krute spéider e G3 Prozesser. Zënter 2001 lafen d'iMac-Modelle mat engem macOS-Betribssystem (fréier och "Mac OS X" genannt).

2002 koum dunn den iMac G4 eraus, e Computer, deen duerch säin eleganten Design opgefall ass. 2004 koum de G5 Prozessor derbäi an en neien Design fir den iMac. 2006 huet Apple de Wiessel vum IBM PowerPC-Prozessor op Intel Core Duo Prozessere gemaach. Déi Generatioun huet "Polycarbonate iMac" geheescht. Duerno ass den "Aluminum iMac" komm (6. Generatioun), den "Unibody iMac" (7. Generatioun), de "Slim Unibody iMac" (8. Generatioun) an 2015 de "Retina iMac" (9. Generatioun). Déi 10. Generatioun ass 2021 erauskomm: den "iMac (Apple silicon)".

Fréier Modeller vum iMac koume mat der Software iLife eraus.

Iwwersiicht[änneren | Quelltext änneren]

Entwécklung vun den iMac-Computeren zënter 1998

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: IMac – Biller, Videoen oder Audiodateien