Arrondissement Château-Salins
|
|||||
|---|---|---|---|---|---|
| Land | |||||
| Regioun | |||||
| Departement | |||||
| Kantonen | 5 | ||||
| Gemengen | 128 | ||||
| Ënnerprefecture | Château-Salins | ||||
| Fläch | 974 km² | ||||
| Bevëlkerung | 29 932 Aw.(2009) | ||||
| Dicht | 28,2 Aw. / km² | ||||
Den Arrondissement Château-Salins ass eng franséisch administrativ Andeelung am Museldepartement a Loutrengen.
Den Haaptuert ass Château-Salins.
De ganzen Arrondissement ass eng ländlech Géigend ouni nenneswäert grouss Stied. Déi gréisste Gemeng Dieuze huet knapps 3.500 Awunner. Historesch intressant am Arrondissement ass Vic-sur-Seille mat dem Hôtel de la monnaie.
Op ville Plazen am Arrondissement gouf Salz aus dem Buedem geholl, meeschtens mat engem Pompelsystem.
Kantonen am Arrondissement[änneren]
Den Arrondissement huet 5 Kantonen:
- Canton d'Albestroff
- Canton de Château-Salins
- Canton de Delme
- Canton de Dieuze
- Canton de Vic-sur-Seille
Geschicht[änneren]
Virun 1871 huet d'Arrondissement zum Departement Meurthe gehéiert. Nom Frankfurter Vertrag gëtt e groussen Deel vum Arrondissement däitsch, just d'Gemenge vum Kanton Vic-sur-Seille bloufe franséisch, a koume bei den Arrondissement Lunéville an der Meurthe-et-Moselle. Nom Éischte Weltkrich gëtt den Arrondissement en Deel vum Museldepartement.
Kuckt och[änneren]
- Departement Moselle
- Arrondissementer am Departement Moselle
- Kantonen am Departement Moselle
- Lëscht vun de Gemengen am Departement Moselle
Bar-le-Duc | Boulay-Moselle | Briey | Château-Salins | Commercy | Épinal | Forbach | Lunéville | Metz-Campagne | Metz-Ville | Nancy | Neufchâteau | Saint-Dié-des-Vosges | Sarrebourg | Sarreguemines | Thionville-Est | Thionville-Ouest | Toul | Verdun