Béby Kohl-Thommes

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Béby Kohl-Thommes
Gebuer 16. Januar 1923
Gestuerwen 13. Mäerz 2016
Boufer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger


D'Béby Kohl-Thommes, gebuer de 16. Januar 1923 a gestuerwen den 13. Mäerz 2016 zu Boufer,[1],[2] war eng lëtzebuergesch Sopranistin.

Si huet am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg Gei, Kontrapunkt, Harmonie a Gesank studéiert an duerno war si nach véier Joer zu Genf am Conservatoire, wou si den Diplôme de Capacité Professionelle krut.

Doropshin hat si Optrëtter an europäeschen Operenhaiser. D'Béby Kohl ass Grënnungsmember vun Onst Lidd, an deem si mam Laurent Koster a mam Venant Arend gesongen hat, a vum Madrigal de Luxembourg, zesumme mam Bruno Wyzuj. Des Weideren huet si Musek fir Solo a Chouer, no Texter vu lëtzebuergeschen Auteuren, geschriwwen.

Si war och als Soprano bei der Ur-Opféierung vum Geiger von Echternach derbäi a war och Solistin bei ville Concerten.

Hir Kannerlidder no Texter vum René Kartheiser sinn op zwou Placken ze fannen:

  • 1975 All méng Lidder I
  • 1977 All méng Lidder II

Ze héieren ass si ënner anerem beim CD-Coffret Jean-Pierre Kemmer, deen en Hommage un dee bekannte lëtzebuergesche Komponist, Orchesterchef a Pianist ass.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 16. Mäerz 2016
  2. Noruff op d'Béby Kohl-Thommes