Belgium (Wisconsin)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
43° 30’ 2’’ N 87° 50’ 48’’ W
Belgium ass een Uertsdeel an der Stad Belgium am Ozaukee County am US-amerikanesche Bundesstaat Wisconsin. Am Joer 2000 hu 1.678 Leit do gewunnt, an d'Uertschaft ass 1,4 Quadratmeile grouss.
[änneren] Geschichtleches
Déi éischt Siidler déi sech do néiergeloss haten, waren Auswanderer vu Lëtzebuerg an aus der haiteger belscher Provënz Lëtzebuerg, dohier och den Numm Belgium. Déi éischt Awunner hunn an enger Carrière um Uwänner vum Michgan-Séi, dee ronn 3 km dervunner ewech ass, geschafft. D'Carrière ass haut den Harrington Beach State Park.
Laanscht d'Uertschaft féiert den Highway 32.
Belgium läit eng ronn 13 km nërdlech vu Port Washington, wou och vill lëtzebuergesch Auswanderer hänke blouwen.