Benotzer Diskussioun:Azeton

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Otets 14:57, 27. Sep. 2008 (UTC)[äntweren]

Gudde Mëtteg. Nodeems de Benotzer Zinneke dech fir mech gehalen huet, hält de Benotzer PlayMistyForMe mech fir dech. U sech ass dat ganz lëschteg, mee mat der Zäit kritt dat Ganzt e Baart. Du brauchs och net ze probéieren dem Mistyfax eppes ze schreiwen, well deen äntwert der direkt op Englesch; domat gëtt dee besser eens. Wanns de wëlls, da schreif mer mol eng Mail (--> lénks um Bord op "menger" Benotzersäit op "Dësem Benotzer eng E-Mail schécken). Mer loossen eis dann eng afalen fir deem Metempsychotiker nuets als Koppel am Dram z'erschéngen oder esou. --Cornischong 12:57, 15. Okt 2008 (UTC)

Féiert einfach d'Benotzerwebcam an, dat wier et dach! --Otets 17:28, 15. Okt 2008 (UTC)

Cornischong,

dass d'am Stand bass, extra op Arel an eng Internetstuff hannert der Gare (oder wuer och ëmmer)ze fueren, just fir als "Azeton" och sécher eng aner IP Adress ze hunn, kënne sech der vill, déi iwwert dat hektescht "Kuckt-kuckt-ech-sinn-et-net" de Kapp rëselen, gutt virstellen.

Firwat dat Ganzt gutt soll sinn, hues d'eis awer nach ëmmer net verroden. --Zinneke 15:01, 16. Okt 2008 (UTC)


Zinneke,

... well et näischt ze verrode get, ausser dat hei e puer Leit get, déi anscheinend eppes géint t´Cornichong hun. Mä dat as net mäi Béier, den Humpen muss de scho selwer drenken. Prost.

Azeton 15:42, 16. Okt 2008 (UTC)

E Benotzerkontroller kann d'IPen effektiv kucke goen. Mee leider hunn d'Wiki-Cheffen an Nachméirika decidéiert datt kleng Wikie wéi d'lb-wiki keen esou een zegutt hunn. Mär missten deemno eis IP-Ufroen un e Steward stellen dee sech dofir hiergëtt, wat een éischter vergiesse kann, op d'mannst fir esou Saache wéi "Cornischong ass oder ass net identesch mam Azeton". Mol dovun ofgesi beweist eng IP Adress, déi jo fir gewéinlech dynamesch ass, héchstens op zwee Benotzer identesch sinn, awer den ëmgedréite Beweis datt de Benotzer X net identesch mam Benotzer Y ass kann iwwert eng IP Adress net erbruecht ginn, dofir gëtt et zevill Méiglechkeete fir mat IP Adressen ze fuddelen. --Otets 17:16, 16. Okt 2008 (UTC)


Otets,

Merci fir d´Info, obschon ech net vestinn wat e "garçon" (???) domatter ze din huet. Siew, et kann een net alles wëssen. Fir mech as déi Diskussioun ofgeschloss, well ech elo méngersäits kee Grond gesin, fir e puer "Trollen ze fidderen". Schéinen Owend nach Azeton 18:30, 16. Okt 2008 (UTC)

E-mail schécken[Quelltext änneren]

Salut,

wéi ech versicht hunn Iech eng E-mail ze schécken hunn ech gemierkt datt, Dir an der lëtzebuergescher Wiki an der Rubrik Meng Preferenzen keng E-Mail adress uginn hutt an dofir ass et och net méiglech iech iwwert de System vu wikipedia eng mail ze schécken. mat beschte Gréiss --Robby 15:20, 19. Okt 2008 (UTC)


nowend

déi ass haut dragesat gin, kuckt emol wglAzeton 16:50, 19. Okt 2008 (UTC)

Gudden Owend, et fonctionnéiert nach net. Ech huelen un datt Dir ënnen op der selweschter Säit net ugeklickt hutt datt Dir E-Maile vun anere Benotzer kréie wëllt. --Robby 17:04, 19. Okt 2008 (UTC)

Yep, do war de Knued.Azeton 19:20, 19. Okt 2008 (UTC)

Salut

Ier déi aner 9.295 Mataarbechter och nach hire Pefferkär op der Braddelsäit oflueden: Schéin, datt no deem ganze Gesouers mol ee mat Nimm "kënnt". Ech "mengen" domat natierlech den "Artikel" Geschlechtsorganer beim Mann. Getuts hate mer jo genuch. Vläicht traut sech nach een un de weibleche Pendant erun? Ech fänken dann emol do mat der Knippchen un. Nach eng Kéier Merci. --Cornischong 08:10, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Gëtt an der lescht den EnCours deen iwwer engem Artikel steet net méi respektéiert, oder ass d'Erklärung déi an der Schabloun steet net däitlech genuch? Les Meloures 17:50, 28. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Moin och,

Ups. Do hat ech engem Här an de Frack gegraff. :lol: Spaass op d´Säit, mä dat war keng Expressegkeet. Aus Vierwez, well ech de gudde Mann kennen, si ech eragaang an hun eppes Kléngs gefréckelt. Deed mer leed Meeschter. Salut --Azeton 18:58, 28. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Remoien,

Ech fille mech net an de Frack gegraff. Déi Schabloun steet iwwer den Artikele fir Versiounskonflikter ze vermeiden, déi meeschtens deem deen um Artikel schafft e Koup Aarbecht maachen. Dat ass fir all Artikel esou, an déi Bemierkung kritt vu mär jidderee gemaach, wann ech mierken datt en an een Artikel mat dem Schantjensschëlt Ännerunge maache geet. Et gëtt just Ausnahme fir Interwikien déi vu Botte gemaach ginn, déi de Schantjen net erkennen. Les Meloures 19:18, 28. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Kuck emol Do w.e.g. Les Meloures 08:05, 5. Dez. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien Azeton
Ech hunn deng Äntwert um Staminet gelies. Ech wollt der just soen datt déi meescht vun ons mat ganz wéineg Kenntnes vun der lëtzebuergescher Sprooch ugefaangen hunn op der Wiki ze schreiwen. Et brauch een en zimmleche Strapp (bei mär war et wéinstens esou) bis dat Ganzt ufänkt e bësselche Routine ze ginn. Ech fannen haut nach Feeler déi ech virun zwee Joer gezwafft hunn, a schreiwen der och nach haut. Dat bleift warscheinlech ni ganz aus de Féiss. Dat Wichtegst ass, datt iwwerhaapt geschriwwe gëtt. Maach der also mol net zevill Chagrinni, wann net alles am Ufank sou perfekt ass. Déi Meeschteren déi vum Himmel fale si ganz rar.
Les Meloures 14:33, 11. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Moien,
Wann een en EnCours iwwer den Artikel setzt, da soll w.e.g. keen aneren deen änneren. Soss huet dat schantjensschëld kee Wäert. An dësem Fall gouf näisch um Artikel geschafft, just den Numm am EnCours g'ännert an e Versiounskonflikt produzöiert.
Merci fir d'Verständnes.
Les Meloures 13:21, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

Nix Verständnes. Bleiwt wgl bei der Wuerecht a probéiert net Iech sou belleg aus der Affär ze zéien. Ech hu meng Hausaufgabe gemaach, an Dir ??? Kuckt och am Stamminet.

wéi soen d´Preisen: "hochachtungsrandvoll"--Azeton 13:31, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]


Remoien,
Da fuere mer einfach der Rei no.

Hei hannen drun de Versiounshistorik,

  • 15:36, 13. Abr. 2009 Azeton (Diskussioun | Kontributiounen | spären) (2.001 Byten) (Zrécksetzen | zréck)
  • 15:35, 13. Abr. 2009 Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen | spären) k (1.981 Byten) (k) (zréck)
  • 15:17, 13. Abr. 2009 Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen | spären) k (2.007 Byten) (k) (zréck)
  • 15:04, 13. Abr. 2009 Azeton (Diskussioun | Kontributiounen | spären) (2.014 Byten) (zréck)
  • 14:55, 13. Abr. 2009 Les Meloures (Diskussioun | Kontributiounen | spären) k (2.020 Byten) (Schantje wéinst Reperatiounen) (zréck)
  • 14:36, 13. Abr. 2009 Azeton (Diskussioun | Kontributiounen | spären) (1.995 Byten) (Säit ugeluecht matt: 'Sexualstéierungen sin e Sammelbegrëff fir Dysfonktionnementer oder Beanträchtegungen vum sexuellen Empfannen, vum Sexualliewen, vum ...
Aus deem geet kloer erfir datt ech 14:55 D'Schantjesschëld dragesat hunn, Virdru soung keent dran, an datt et um 15:04 vum Azeton op säin Numm g'ännert gouf.
Do soll kee soen ech géif net bei der Wourecht bleiwen. Les Meloures 13:48, 13. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]

File permission problem with File:Resurrection.jpg[Quelltext änneren]

Merci, datt Der de Fichier Fichier:Resurrection.jpg eropgelueden hutt. Ech hu gesinn datt Der dem Fichier zwar eng valabel Lizenz gitt hutt, mee et feelt em nach e Beweis, datt den Auteur dovunner och mat där Lizenz averstanen ass.

Wann Dir dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument komplett selwer geschafen hutt, mee et virdrun schonns anwousch anescht (besonnesch Online) publizéiert hutt, misst Der:

  • um Site, wou et fir d'éischt publizéiert gouf, eng Notiz bäisetzen, datt et erlaabt ass (esou wéi hei) d'Bild ënner CC-BY-SA-Lizenz oder soss enger akzeptabeler fräier Lizenz weiderzegebrauchen (kuckt dës Lëscht); oder
  • eng E-mail schécken, déi mat deem Site, wou de Fichier als éischt publizéiert gouf, am Zesummenhang steet, an zwar un permissions-commons@wikimedia.org (Note: Gitt an där Mail e Link op de Fichier um Site esou wéi och deem hei op Wikipedia un (datt ee Benevolë vun OTRS dat einfach iwwerpréife kann), a confirméiert, datt Dir den Auteur vun deem Material sidd, an datt Der et ënner der genannter fräier Lizenz wëllt publizéieren. Dir kënnt hei oder hei e Beispillsbréif vun ensou enger Erlabnes fannen. Wann Der dat maacht, setzt dësen Text: {{OTRS pending}} op d'Beschreiwungssäit vum Fichier datt en net fréizäiteg geläscht gëtt.

Wann Der dëst Bild/dëse Video/dëst Toundokument net komplett selwer geschafen hutt, frot w.e.gl den Auteur dovunner, eng vun den uewe beschriwwenen Aktiounen ze maachen. Falls en Iech d'Erlabnes scho virdru via Email ginn huet, da schéckt dës Mail virun un permissions-commons@wikimedia.org.

Wann Der der Meenung sidd, datt de Fichier d'Critèrë vun Wikipedia:EDP erfëllt (an nëmmen dann), kënnt Der ausnamsweis en Tag ewéi {{Bild-FU}} oder soss een aus der Kategorie:Schabloune fir Billerlizenzen eraussichen, an dann eng genee Beschreiwung (rationale) derbäisëtzen, déi de Gebrauch vum Fichier an engem bestëmmten Artikel justifiéiert.

Wann Der nach aner Fichieren eropgelueden hutt, wier et gutt, Der gifft iwwerpréiwen, ob Der do de Beweis uginn hutt, datt de Besëtzer vum Copyright et erlaabt huet, datt Der hiert Wierk ënner där Lizenz, déi Der uginn hutt, publizéiert huet. D'Lëscht vun de Fichieren, déi Der eropgelueden hutt, fannt Der hei. Biller, déi keng nogewisen Erlabnes hunn, kënnen eng Woch, nodeems se identifizéiert ("getagged") goufen, geläscht ginn. Wann Der dozou iergend eng Fro hutt, zéckt net, se ze stellen. Merci am viraus. MGA73 (Diskussioun) 17:48, 15. Aug. 2012 (UTC)[äntweren]

Deletion notice for 4 files[Quelltext änneren]

Hi. Please check Wikipedia:Läschen#4_files_.2F_cartoons. --MGA73 (Diskussioun) 14:04, 30. Jun. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien, merci fir déi Informatioun. Deemno kënnen Är 2 Cartoone gehale ginn an op Commons (dem Zentralregiëster fir Biller vun alle Wikipediaen) 'geplënnert' ginn. Da bleift awer nach d'Fro vun den 2 Biller vum Pol Leurs (Fichier:Wintersports.jpg, Fichier:Water safe.jpg): Kënnt Der do och confirméieren, datt den Här Leurs grad esou wéi Dir averstanen ass, datt seng Biller eng fräi Lizenz hunn? Merci fir Är Hëllef! --Zinneke (Diskussioun) 19:10, 13. Aug. 2013 (UTC)[äntweren]