Bernard J. Cigrand

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Bernard J. Cigrand

De Bernard J. Cigrand gebuer den 1. Oktober 1866, a gestuerwen de 16. Mee 1932, war en Zänndokter an Universitéitsprofesser op der Fakultéit fir Zänndokteren vun der Universitéit vun Illinois zu Chicago.

Hie gouf als Jong vu lëtzebuergeschen Eltere gebuer, déi zéng Joer viru senger Gebuert vu Lëtzebuerg no Amerika ausgewandert waren.

Säi Papp war de Nicolas Cigrand, Schmadd vu Buerglënster, seng Mamm d' Susanne Schmidt vu Menster. De Bernard J. hat eng Zänndokteschpraxis zu Chicago an huet och um College of Dentistery vun der Chicagoer Universitéit vun Illinois dozéiert. Vun 1903 bis 1906 war hien hiren Dekan.

Iwwert d'Grenze vu den USA eraus ass hien als groussen amerikanesche Patriot bekannt ginn. Hie gëtt als Papp vum Fuendelsdag dem sougenannten Flag day ugekuckt, a gëtt an där Qualitéit och gefeiert.

Hien huet nämlech op ville Plaze Konferenzen iwwer de Patriotissem an den amerikanesche Fändel gehalen, an och Publikatiounen doriwwer verëffentlecht. Hien ass dofir agetratt, dat e Fuendelsdag als e nationale Feierdag agefouert soll ginn. Dat ass och 1916 ënner dem President Woodrow Wilson geschitt, an ass 1949 vum President Harry S. Truman gesetzlech confirméiert ginn.

Um Spaweck[änneren]